Délégation auprès de la Conférence interparlementaire pour la PESC et la PSDC

D’interparlamentaresch Konferenz fir gemeinsam a fir Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) mat doran der gemeinsamer Sécherheets- a Verdeedegungspolitik

Nieft der COSAC (hei uewendriwwer) gesäit den Artikel 10 vum Zousazprotokoll Nummer 1 beim Traité vu Lissabon vir, dass déi national Parlamenter iwwer déi gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik an déi gemeinsam Sécherheets- a Verdeedegungspolitik schwätzen.

Déi interparlamentaresch Konferenz gouf 2012 geschaf an ass e Forum fir den Austausch vu Meenungen a Bonne-pratiquen. D’Delegatioune kommen zweemol pro Joer an deem Memberland zesummen, dat d’Presidence vun der EU huet. Do sinn et da Gespréicher mam Héijen EU-Vertieder fir Aussen- a Sécherheetspolitik iwwer aktuell Froen an deem Beräich.