Lëtzebuerg feiert 175 Joer Verfassung

- 17:00

Freides, den 28. Abrëll ginn zu Ettelbréck an der Däichhal 175 Joer Lëtzebuerger Verfassung gefeiert. Freet Iech op e flotten Owend mat theatraleschen Inszenéierungen a musikaleschen Optrëtter.

1848 war Ettelbréck Sëtz vu Regierung a Parlament an deemools gouf hei déi éischt fräiheetlech Verfassung ausgeschafft. An dat soll gefeiert ginn! D’Stad Ettelbréck an d’Chambre des Députés invitéieren op e flotten Owend wou d’Liicht op d’Lëtzebuerg vu fréier an haut geworf gëtt.

Revivez l'évènement :

Séance académique

Den éischten Deel ass um 17.00 Auer a Präsenz vum Grand-Duc Henri mat Interventioune vum Fernand Etgen, Chamberpresident, dem Xavier Bettel, Premier Minister an dem Jean-Paul Schaaf, Buergermeeschter vun der Stad Ettelbréck.

 

Loosst Iech an d’Zäit vun 1848 zeréckversetzen mat historeschem Kontext, theatraleschen Inszenéierunge vum Lex Gillen an Natalia Sanchez, esou wéi Lidder vum Serge Tonnar a Georges Urwald zesumme mat dem Conservatoire de Musique du Nord, der Ettelbrécker Musek, der Chorale Sainte Cécile, der Lyra an dem Theaterveräin Rido op vun Ettelbréck.

 

Et si keng Plaze méi disponibel.

D'Séance académique gëtt e Méinden (1. Mee), en Donneschden (4. Mee) an e Freiden (5. Mee) um 8 Auer owes op Chamber TV gewisen.

Festival « Lëtz elo »

Um 20.30 Auer geet et dann wéider mam Lëtz Elo Festival an der Däichhal, wou lëtzebuerger Kënschtler optrieden. Den Entrée ass fräi.