Press

 
D’Chamber bitt de Journalisten déi beschtméiglech Konditiounen, fir déi parlamentaresch Aktualitéit ze suivéieren. Op dëser Säit fannt Dir déi néideg Informatiounen, déi sech un d'Pressevertrieder adresséieren.

De Suivi vun der parlamentarescher Aktualitéit

  • D’Artikelen, déi op dëser Internetsäit publizéiert ginn, stinn der Press zur Verfügung. Si kënne fräi als Pressecommuniqué genotzt ginn.

  • Chamber TV iwwerdréit déi ëffentlech Sëtzunge live gradewéi an der Rediffusioun. Si ginn och iwwer de Stream um Internetsite eraus. Do fënnt een all ëffentlech Sëtzunge vu Januar 2008 un.

    Eemol d’Woch beliicht d’Emissioun Chamber aktuell d’politesch Akualitéit, mat engem oder méi Invitéen.

  • Dir kënnt Iech op d’Artikele vun der parlamentarescher Aktualitéit abonéieren. Dir kënnt Iech och op dat Neist aus der parlamentarescher Dokumentatioun abonéieren. Op déi Manéier gesitt Der, wéi et mat Gesetzesprojeten oder parlamentaresche Froen weidergeet, oder wat vun deem engen oder aneren Deputéierte kënnt.

  • D’Chamber stellt Iech Fotoe vun Evenementer a vun der parlamentarescher Aktualitéit am Allgemengen zur Verfügung. Dir fannt se op hirem Kont bei Flickr Flickr. D’Fotoe kënne fräi genotzt ginn, woubäi ee sollt d’Quell ugin: @chd.lu.

  • Dir fannt d’Aktualitéit aus der Chamber op de sozialen Netzwierker:

  • Dir kënnt duerch Push-Messagen iwwer d’Aktualitéiten an iwwer Convocatioune fir Reunioune vun der Chamber um Lafende gehale ginn. Dat kënnt Der iwwer der Chamber hir App aktivéieren. Dir fannt se am App-Store.

  • Dir kënnt d’ëffentlech Sëtzungen an d’Emissioune Chamber aktuell iwwer Podcast am Audio suivéieren an nolauschteren.

     

Wou kann d’Press an der Chamber schaffen?

Wärend den ëffentleche Sëtzunge si Plaze fir d’Membere vun der Press op der Tribün vun der Plenière reservéiert.

Um Rez-de-chaussée ass e Bar als Aarbechtsplaz fir Journalisten amenagéiert. Um Rez-de-chaussée sinn d’Radiostudioe vun RTL a vum 100,7.

Am Printz-Richard-Gebai ass um Rez-de-chaussée eng Plaz, op där d’Journaliste kënnen Deputéiert interviewen.

Dat erlaabt et, sech iwwer d’Chamberkommissiounen, déi jo hanner zouenen Diere sinn, ze renseignéieren.

Zougang zu de Gebaier an de Reuniounen

Fir fir eng ëffentlech Sëtzung op d’Tribün an der Plenière ze kommen, huelen d’Pressevertrieder den hënneschten Agang an der Waassergaass (rue de l’Eau, laanscht déi riets Säit vun der Chamber).

Fir an d’Printz-Richard Gebai ze kommen, fir do de Suivi vun de Reunioune vu Chamberkommissiounen ze maachen, ass d’Entrée op der Nummer 23 vum Krautmaart.

D’Pressevertrieder mussen all Kéier duerch d’Sëcherheetskontroll an eng Pressekaart weisen.

Wa se keng Pressekaart hunn, solle se e Bréif vun der Chefredaktioun an eng Kopie vun der Identitéitskaart vun engem Member vun der Chefredaktioun derbäihunn, dee beweist, dass se fir e Presseorgan schaffen.

Fotografen a Kameraleit

  • Fotografen a Kameraleit kënnen déi éischt 5 Minutten an d’Plenière eran. Fir speziell Evenementer – wéi Vereedegungen oder grouss Rieden – kënnen am Virfeld dovunner aner Reegele matgedeelt ginn.

    All Demande fir méi spezifesch Besoine soll een un de Service vun de Relations publiques riichten (relations.publiques@chd.lu).

  • D’Kommissioune sinn hanner zouenen Dieren, awer Fotografen a Kameraleit kënnen am Ufank kuerz eran, fir den Tour de table ze filmen.

Kontakt

  • Fir weider Informatiounen iwwer d’Chamber, iwwer hire Fonctionnement, hir Aktivitéiten oder d’Aktualitéit ze kréien, gradewéi wann Der Suggestiounen hutt, riicht Iech wgl. un de Service vun de Relations publiques (relations.publiques@chd.lu):

    • Sarah BROCK +352-466 966 663
    • Monique FABER   +352-466 966 662
    • Yann FLAMMANG +352-466 966 660
    • Nadine GAUTIER +352-466 966 667
  • Fir méi politesch Froe riicht Der Iech am beschten un

    • d’Deputéiert (de Kontakt fënnt een op der Säit vum Profil)