Pétition publique n°1414 - Petitioun fir Englesch als administrativ Sprooch zu Lëtzebuerg un ze erkennen: Ännerung vum Sproochegesetz vun 1984
Evènements:
Date
Descriptif de l'évènement
Liens
15-10-2019
La pétition publique n°1414 est déposée.
Numéro de la pétition: 1414 Intitulé de la pétition: Petitioun fir Englesch als administrativ Sprooch zu Lëtzebuerg un ze erkennen: Ännerung vum Sproochegesetz vun 1984 But de la pétition: D‘Zil vun dëser Petitioun ass d‘Sproochegesetz vun 1984 ze änneren fir Englesch als unerkannten administrativ Sprooch bäi ze fügen. An de leschten Joerzéngter huet déi Englesch Sprooch un Wichtegkeet zougeholl mee d‘Sproochegesetz vun 1984 ass net ugepasst ginn un d‘Ännerung vun der Demografie vum Land am Joer 2019. Tëschent 1981 an haut ass d‘Bevölkerung ëm 62% gewuess an d‘Unzuel vun den Auslänner huet sech bal verdräifacht. Haut sinn ongeféier 48% vun der Populatioun keng Lëtzebuerger.
Englesch ass d‘Lingua franca vum Finanzsektor an aneren wirtschaftlechen Sektoren ginn, souwéi an der méi héicher Edukatioun an an der Wëssenschaft. Déi offiziell Sproochen vun der Universitéit vun Lëtzebuerg sinn z.B. Englesch, Däitsch a Franséisch. Zënter der Vergéisserung vun der Europäescher Unioun am Joer 2004, ass Englesch déi wichtegst Sprooch vun EU Institutiounen.
D‘Unzuel vun den Awunner déi aus engleschsproochegen Länner oder Länner kommen wou Englesch schon zënter laanger Zäit als Haaptfriemsprooch benotzt gëtt, ass sou grouss wéi nach ni an der Lëtzebuerger Geschicht. Statistiken no liewen Auslänner vun méi wéi 170 Nationalitéiten am Groussherzogtum.
Well et méi a méi Engleschsproocheger zu Lëtzebuerg ginn an well Englesch eng weltwäit unerkannten Lingua franca ass, gëtt virgeschloen d‘Sproochegesetz vum Februar 1984 ëm ze änneren fir Englesch als administrativ Sprooch un ze erkennen.
Wéi et am Motto vum Groussherzogtum, wat 2019 iwwerall am Land ze fannen ass, heescht: “Let‘s Make it Happen”. Motivation de l'intérêt général de la pétition: D‘Motivatioun fir Englesch als offiziell administrativ Sprooch un ze erkennen ass d‘Äntwert op déi wuessend villfälteg Bevölkerung mat méi wéi 170 Nationalitéiten am Land. D‘Sproochegesetz ze Lëtzebuerg gouf an de leschte 35 Joer net geännert.
Momentan gëtt net virgeschriwwen, dass wann een d‘Nationalitéit wéll kréien, een Franséisch oder Däitsch muss léieren, mee se sinn awer am administrativen Gesetz and se ginn an der Aarbëschtswelt vun engem erwaart. Englesch als Sprooch am administrativen Gesetz bäi ze fügen géif méi Méiglechkeeten schafen fir Leit déi keen Franséisch oder Däitsch schwetzen, a géif déi international Populatioun vu Lëtzebuerg reflektéiren. Firmen géifen dovun profitéiren wéinst enger erweiderter Auswiel un Talenter wann Englesch an den Administrativensproochen abegraff wäer.
D‘Gesondheetswiesen ass een vun de wéinegen Sektoren zu Lëtzebuerg wou Englesch lues agesat ginn ass. Dëst huet negativ Konsequenzen op Leit déi Däitsch schwetzen oder keen Franséisch, well wichteg Gesondheetsinformatiounen meeschtens nëmmen op Franséisch matgedeelt ginn. Sou ginn déi aner zwou administrativ Sproochen, Lëtzebuergesch and Däitsch ausgeschloss. Et ass immens wichteg dass Patienten Broschüren, Krankenakten, Informatiounen déi mat hierer Gesondheet etc. ze dinn hunn an enger Sprooch kréien déi se verstinn.
Englesch als administrativ Sprooch bäizefügen géif d'Méiglechkeet erhéichen dass d‘Lëtzebuerger Bevölkerung an enger Sprooch kommunizéiert déi global verstanen gëtt. Luxembourg: Let's Make it Happen.
13-11-2019
La Commission des Pétitions a donné un avis favorable au sujet de la pétition publique n°1414.
Avis de la Commission des Pétitions: favorable
14-11-2019
La pétition publique n°1414 est déclarée recevable par la Conférence des Présidents.
Recevabilité: recevable Date de début de la période de signature: 19-11-2019 à 0h00 Date de fin de la période de signature: 30-12-2019 à 23h59 Date d'ouverture du forum: 19-11-2019 à 0h00 Date de fermeture du forum: 30-12-2019 à 23h59