Debatt virum 13.6. 2007
M. Jos Scheuer (LSAP), rapporteur.- Merci, Här President vun der Chamber.
(Hilarité)
Kolleegen, Madame Minister, Lëtzebuerg an d'Saarland schafen e Lycée, dee vun
Elèvë besicht gi kann, déi entweder an Däitschland oder zu Lëtzebuerg wunnen. Dat ass en interessante Projet. Et ass en neie Projet fir Lëtzebuerg. Dee Lycée ass wierklech en Novum fir eis.
D'Saarland huet schonn ähnlech Projete mat de franséischen Nopere realiséiert. De Lycée entsteet elo zu Pärel vis-à-vis vu Réimech, vis-à-vis vum Haff Réimech - soe mer emol esou -, vis-à-vis vum Haff Réimech op enger Plaz, déi net einfach ze fannen ass.
(Hilarité et interruptions)
De Lycée huet den Numm "Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum Perl". Dat ass e symbolträchtegen Numm. An deem Numm ass dat Wuert an de Begrëff "Schengen" mat verschafft.
Den Historique vun deem Lycée. De Lycée huet ee Prinzip, nämlech e fousst op der Kollaboratioun an der Groussregioun an huet op Lëtzebuerger Säit eng Rei vu Pappen a vu Mammen: zwee Statsministeren - de Jacques Santer an den Här Juncker - an zwou Unterrechtsministerinnen - d'Madame Brasseur an d'Madame Delvaux.
2003 ass d'Iddi aktéiert ginn, datt Franséisch an Däitsch zwou gläichberechtegt Sproochen an der Grenzregioun sollte sinn. An dorauser huet sech fir d'éischt eng Zesummenaarbecht erginn um Niveau vun de Primärschoulen, mat engem Austausch vu Schoulmeeschteren.
Am Joer 2006, de 4. Dezember, sinn dunn zwee Accorden ënnerschriwwe ginn, oder een Accord an ee Protokoll, eben zu Pärel, nämlech en Accord tëschent Lëtzebuerg an dem Saarland an e Protokoll tëschent der Lëtzebuerger Regierung an dem Landkreis Merzig-Wadern. Deen Accord do, deen determinéiert éischtens de Statut an de Siège vun dem Lycée. En determinéiert d'Objektiver, d'Bildungsweeër, déi an deem Lycée offréiert ginn, d'Direktioun an d'Personal, d'Partizipatioun an d'Kollaboratioun, déi an deem Lycée solle stattfannen.
Lëtzebuerger ginn détachéiert an dee Lycée um Niveau vun der Direktioun...
(Coups de cloche de la Présidence)
...an um Niveau vum Enseignement.
Eng Partizipatioun gëtt festgeluecht tëschent den Enseignanten, tëschent den Elteren an de Schüler, an och um Niveau vun der Direktioun gëtt gesot, datt den Direkter vun deem Lycée d'Recht huet, fir un där Conférence des directeurs deelzehuelen. Dat heescht, dee Lycée gëtt och administrativ an inhaltlech - solle mer et esou ausdrécken? - un d'Lëtzebuerger Schoulwiesen ugepasst.
D'Autoritéit iwwert d'Schoul gëtt festgeluecht. Déi pedagogesch Autoritéit gehéiert dem saarlänneschen Unterrechtsminister.
D'disziplinaresch Autoritéit iwwert d'Lëtzebuerger Enseignantë gehéiert dem Lëtzebuerger Minister. Déi zwou Parteie kënnen awer zum Beispill gemeinsam Inspektiounsvisitë maachen.
Ech kommen op verschidde wichteg Aspekter vun deem Accord nach eng Kéier zréck.
De Protokoll ass e wierklech technesche Pabeier. E seet, wou d'Schoul logéiert ass. Se ass logéiert um Territoire vun där Verbandsgemeng. Se ass fir d'éischt ënnerbruecht an der erweiterten Realschule vu Pärel. D'Gebai ass elo geschätzt, wat de Wäert ugeet, op e Wäert vun 2,4 Milliounen Euro, a Lëtzebuerg bezuelt an enger éischter Phas 50% vun där Zomm un de Landkreis Merzig-Wadern.
Lëtzebuerg participéiert och um Budget vun där Schoul proportionell zur Zuel vun de Schüler, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen. Dat ass e wichtegen Detail aus deem Protokoll. De Budget gëtt vun enger paritéitesch besater Kommissioun ausgeschafft, a Paritéit heescht an dësem Fall: Vertrieder vun der däitscher Säit a Vertrieder vun der lëtzebuergescher Säit. D'Sekretariat an dat net pedagogescht Personal gi vum Landkreis gestallt an net vu Lëtzebuerg.
Den Ausbau vun der Schoul, déi ganz kloer ze kleng ass, geschitt an zwou Phasen a soll ausgebaut gi bis op en Total vun - soe mer - 900 Elèven. Den éischten Ausbau gëtt geschätzt op fënnef Milliounen Euro an den zweeten op en Total vu siwe Milliounen Euro, da komme mer am Ganzen op en Invest vu ronn 14 Milliounen Euro, wou Lëtzebuerg also d'Halschent ze droen huet.
De Projet Lycée Schengen huet Modellcharakter, an dat op verschiddene Punkten. An dee Modellcharakter wëll ech ganz kuerz opweisen. Dir fannt en am Detail am schrëftleche Rapport, deen ech net méi wëll widderhuelen.
Éischtens: De Lycée ass deen éischte Lycée, dee vum Konzept hier international ass, am Sënn, datt grenziwwerschreidend e Lycée op d'Bee gesat gëtt, dee fir däitsch a lëtzebuergesch Schüler gemeinsam fonctionnéiert. E baséiert op engem bilateralen Accord tëschent zwou Regierungen. Déi saarlännesch Regierung huet - wat si nennen - d'Hoheit iwwert d'Educatiounswiesen.
Zweetens: De Lycée huet als erkläert Zil, fir d'Zweesproochegkeet ze förderen. Am Endeffekt kann een an deem Lycée véier Sprooche léieren: Däitsch, Franséisch an och Spuenesch a Lëtzebuergesch. An d'Lëtzebuergescht gëtt geléiert, obligatoresch geléiert am fënneften an am sechste Schouljoer.
Dat war eppes, wat fir vill Leit iwwerraschend an dësem Projet stoung a wat och a verschidden Avisen da kommentéiert gëtt. Also, am Ganze kann ee véier Sprooche léieren an deem Lycée.
Drëtten Aspekt, deen ouni Zweifel och innovativ ass: De Lycée ass eng Ganzdagsschoul, an där d'Schüler iwwer hir normal Schoulzäit betreit ginn. Si kënnen aktiv sinn, si hu Fräizäitbeschäftegung; si kënne Relatioune knëppen a Relatiounen ënnerhalen, an deem Sënn wéi dat gewënscht ass a wéi dat zu Lëtzebuerg och a verschiddene Schoulen, neie Schoulen de Fall ass.
Déi Schoul geet moies um siwen Auer op a mécht hir Dieren um sechs Auer owes zou. Dobäi ass och nach ze soen, datt Autobusverbindungen tëschent Lëtzebuerg, tëschent dem Mondorfer an dem Réimecher Raum fonctionnéieren, dass een Aller-retour organiséiert gëtt.
Véierten neien Aspekt dann, oder innovativen Aspekt - soe mer esou: Et gëtt eng partnerschaftlech Gestioun vum Lycée ugestrieft, an déi partnerschaftlech Gestioun ass och verankert an deem Accord éischtens um Niveau vun der Direktioun. Déi Direktioun ass opgedeelt an Direkter an Directeur adjoint. Den Directeur adjoint gëtt e Lëtzebuerger. An zweeten -Aspekt dann: Elteren, Schüler a Professere ginn an d'Gestioun mat implizéiert, an zwar op eng ganz konkret Aart a Weis am Conseil d'éducation an och an enger Commission budgétaire, wou déi Schoul eben hir Gestioun selwer dirigéiere kann au départ, andeem se dann d'Geld, wat se zur Verfügung huet, verdeelt.
Fënneften Aspekt: D'Diplomer respektiv d'Certificaten, déi an där Schoul do kënnen décrochéiert ginn oder déi verdeelt ginn, déi d'Elèven also kréien, sinn de jure unerkannt an Däitschland an zu Lëtzebuerg.
Dat heescht, een deen do de Lycée gemaach huet, oder e Certificat huet, datt hien eng Beruffsléier kann ufänken, dee brauch keng Equivalenz unzefroen. Déi Schüler, déi do erauskommen, déi hunn, egal wou se wunnen an egal wat se ustriewen, déiselwecht Ausgangspositioun.
Sechste Punkt: Am Lycée gi verschidden Type vun Enseignement ënnerbruecht. Si ginn ënner engem Daach ënnerbruecht, wat fir eis normal ass, wat mir ustriewen an allen neie Gebaier, déi elo en place gesat ginn. Dat ass awer an Däitschland net esou evident. Fir et emol auszedrécken an engem Jargon, dee viru Jore méi geleefeg war: Hei gëtt eng additiv Gesamtschoul en place gesat fir de Secondaire. Et ass en Term, deen an der Zäit an der Moud war an dee wéi gesot fir Däitschland net evident ass.
Vläicht erkläert dat och de Succès, deen dës Schoul huet bei den Elteren aus dem däitsche Grenzgebitt, déi hir Kanner wëllen dohinner schécken. Et ass ee vun deene wesentlechen Aspekter an där Schoul, déi d'Hauptschule regruppéiert mat der Beruffsausbildung, déi sech drun uschléisst, d'Realschule an d'Gymnasium.
Wa mer dat op de Lëtzebuerger Terrain iwwersetzen, hutt Dir de Modulaire, den EST an den Enseignement secondaire - net mat allen Optiounen, mä mat verschiddenen Optiounen - ënner engem Daach.
Aneren Aspekt: D'Première kann een no zwielef Joer Schoul ofschléissen. Zu Lëtzebuerg brauch een 13 Joer duerfir. Dat ass schonn en Aspekt, deen äusserst interessant ass an deem dote Lycée.
Ech hunn och scho gesot, wat de Wäert vun de Sproochen ass an de Wäert vun der Beruffsausbildung, an domadder ass dann och e Joint gemaach zu engem prakteschen Objektiv vum Lycée.
De Lycée soll nämlech jonk Leit ausbilden, déi um Aarbechtsmaart an der Groussregioun, am däitsche Raum, am Lëtzebuerger Raum, awer och - dat gëtt net gesot - am franséische Raum eng Plaz kënne fannen, sech besser zurechtfannen op deem Aarbechtsmaart; an et ass jo och dat wat d'Saarlänner ustriewe mat hiren däitsch-franséische Lycéeën.
Déi Villsproochegkeet vum Lycée gëtt dann och munchmol duergestallt als eng Gefor.
Ech mengen, et ass jo awer esou - an dat geet och aus deenen Diskussiounen ervir, déi mir an der Kommissioun haten, mat de Vertrieder vum Ministère -: An deem Sproochenunterrecht gëtt net d'Perfektioun ugestrieft an alle Sproochen, déi do geléiert ginn.
Wichteg ass och: Duerch déi Villsproochegkeet kënnen d'Studenten aus deem Lycée sech a méi Universitéiten a méi Länner aschreiwen, op méi Fachhéichschoulen an aneren Domänen, wéi dat bis elo de Fall war. Et ass also eng Beräicherung virun allem fir déi däitsch Studenten.
Wat d'Lëtzebuerger ugeet: D'Kanner, déi wëllen an dee Lycée goen, kënnen dat nom véierte Schouljoer maachen - eben aus där Ursaach, well den däitsche System anescht ass -, respektiv maache se dat no dem sechste Schouljoer.
Dat zur Presentatioun, ouni an ze vill Detailer ze goen.
De Statsrot huet zwou Remarquë gemaach. Eng iwwert den Détachement vun Enseignanten, deen eng Derogatioun zum Gesetz vum 16. Abrëll 1979 verlaangt. Déi zweet Propos ass da fir en neien Artikel 4 anzefügen an d'Gesetz fir Règlements grand-ducaux kënnen ze huelen, wat d'Gestioun vun deem Lycée ugeet.
De Projet de loi ass déposéiert gi vum Ministère des Affaires étrangères. De Ministère des Affaires étrangères freet net d'Avisë vun de Beruffschamberen un. Déi Avisë si spéit ugefrot ginn a sinn eréischt an de leschten Deeg komm, den 11. Juni, esou datt mer se net konnte verwäerten am schrëftleche Rapport, mä se leie vir, esou datt Der se liese kënnt.
Déi Avisë vun de Beruffschambere sinn duerchweegs positiv, munchmol ganz kuerz, munchmol ganz positiv, bis op een Avis, den Avis vun der Chambre de Travail, dee kritesch domat ëmgeet, éischtens, wat verschidde Formuléierungen ugeet, wat Iwwersetzunge vun däitschen Termen op Franséisch ugeet, an zweetens dann och op verschidden Inhalter.
Zum Beispill schwätze se iwwert den Enseignement vum Lëtzebuergeschen an där doter Schoul a si weisen op de Wäert vum Technikerdiplom hin, deen an dëser Schoul um Niveau vum Commerce da soll ausgedeelt ginn. Mä et ass kee vun deenen Avisen negativ zu deem Projet comme tel agestallt. Par contre gesi se e Progrès dran, an et wär ee versicht fir ze soen: affaire à suivre, opgrond vun den Avisë vun de Chamberen.
Dir Dammen an Dir Hären, Lëtzebuerg brauch schoulesch Infrastrukturen, an dëse Lycée, de Schengen-Lycée, Schengen-Pärel-Lycée ass ouni Zweifel eng Beräicherung fir den Haff Réimech a fir de Mondorfer Raum, déi ebe keng Secondairesgebaier hunn.
Den neie Lycée ass menger Meenung no e Jalon an der konkreter Zesummenaarbecht an der Grenzregioun. Eng konkret Zesummenaarbecht, déi um Niveau économique scho laang funktionéiert, um Niveau culturel och, an um Niveau vun de Schoulen nach net oder bal net existent ass. Hei gëtt en neie Jalon gesat.
Hei gëtt eng Bréck geschloe vun engem Schoulsystem zum anere Schoulsystem. Et gëtt eng Bréck geschloe mat sozialen, kulturellen a wirtschaftleche Méiglechkeeten, déi sech opdinn. Mat neie Perspektiven, méi räiche Perspektive fir déi Elèven, déi duerch déi Schoul ginn, awer och mat Perspektive fir d'Zesummenaarbecht um Niveau vun zwee Schoulsystemer a mat Perspektiven um Niveau vun der Zesummenaarbecht vum Partenariat an de Schoulen; zum Beispill d'Zesummenaarbecht tëschent den Elterenassociatiounen.
Et ass ouni Zweifel, datt dëse Lycée eng Funktioun vu Bréck iwwerhëlt.
D'Akzeptanz vun der neier Schoul ass grouss, bei den Elteren an och bei de Kanner, an et ass ze hoffen, datt déi Schoul da geschwënn esou ausgebaut ass, datt se à plein régime dréie kann.
Ech wëll eppes derbäifügen, en nom personnel, fir mech net brauchen op d'Plaz setzen ze goen, wat och bestëmmt näischt mat Parteiaarbecht ze dinn huet.
Mir hunn elo aktéiert, datt mer um Niveau vum Secondaire zesummeschaffen. Do virdru läit de Primaire, an et gi ganz timide Versich fir um Niveau vum Primaire och Brécken ze schloen tëschent deem enge Schoulsystem an deem anere Schoulsystem. An et gëtt terribel urgent doduerch, datt ëmmer méi Lëtzebuerger, munchmol nëmmen zäitweis, sech an der Grenzregioun implantéieren, awer hir Kanner net onbedéngt aus dem Lëtzebuerger Schoulsystem eraushuele wëllen oder kënnen.
Dowéinst brauche mer konkret Projeten, fir datt e Schoultyp entsteet an der Grenzregioun, wou d'Kanner sech alleguerten erëmfanne kënnen a wou dann och munche Gemengen en Dar aus de Féiss gezu gëtt.
Eng Primärschoul, déi op bilateral Accordë funktionéiert, ass ouni Zweifel eng Beräicherung, eng Noutwendegkeet.
D'Gemenge kënnen Initiativen huelen, mä se misste vun der Regierung begleet ginn; net nëmmen um Niveau vun der Educatioun, mä och um Niveau vum Ministère de l'Intérieur, well do stelle sech ganz konkret administrativ Problemer.
Ech soen alle Kolleege Merci, déi an der Kommissioun matgeschafft hunn. Dat war eng flott Zesummenaarbecht, an ech mengen, mir hunn e Projet en place gesat, deen derwäert ass gestëmmt ze ginn, deen eng Beräicherung ass, an ech iwwerbréngen domat natierlech och den Accord vu menger Fraktioun.
Merci.
Plusieurs voix.- Très bien!
M. le Président.- Merci, Här Rapporteur. Als nächste Riedner ass ageschriwwen déi honorabel Madame Marie-Thérèse Gantenbein. Madame Gantenbein!
Discussion générale
Mme Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen (CSV).- Här President, Madame Minister, léif Kolleeginnen a léif Kolleegen: Merci dem Rapporteur Jos Scheuer fir säi mëndlechen a schrëftleche Rapport.
Mam Projet de loi 5665, deen d'Kreatioun vun engem däitsch-lëtzebuergesche Lycée zu Perl virgesäit, betriede mer hei zu Lëtzebuerg absolut Neiland.
Mir sinn e klengt Land. Dat wëllt awer net heeschen, datt mer net innovativ kënne sinn. Ganz am Géigendeel! A munche Secteuren - ech denken un d'Banken an un d'Servicer - weise mer, wéi effikass mer kënne sinn.
De Projet, dee mer haut stëmmen, ass e Beispill heifir. Duerch e rapid Handele proposéiere mer do Solutiounen, wou se gebraucht ginn. Ëmmer méi Frontalierë kommen all Dag bei eis schaffen, an ëmgedréit loosse verschidde vun eise Bierger sech am noe Grenzgebitt nidder. Op dës Aart a Weis begéine sech also dagdeeglech op en Neits déi verschidde limitrophe Kulturen, fir zesummen ze schaffen, fir anzekafen a fir hir Fräizäit gemeinsam ze verbréngen. Et louch also op der Hand, datt een deene Familljen an enger éischter Phas och ee Moyen gëtt, fir vun engem landesiwwergräifende Schoulsystem kënnen ze profitéieren.
Wann ee jonke Lëtzebuerger am Grenzgebitt wunnt an esou all Dag mat der Sprooch, der Kultur an de Gewunnechte vun engem Nopeschland a Kontakt kënnt, soll een et him esou einfach wéi méiglech maachen an e scho vu Kand u mat der Sprooch, der Kultur a soss Gewunnechten a Kontakt bréngen. An datselwecht gëllt fir dee jonken Däitschen, deem seng Elteren dagsiwwer hei am Land schaffen an esou d'Sproochkultur vun eisem Land erliewen.
Wéi kéint een deene jonke Leit, vu verschiddener Nationalitéit, déi sech esou nostinn, déi eng oder déi aner Kenntnisser am beschten, am effikassten, am séiersten an am direktste mat op de Wee ginn, wéi duerch eng gemeinsam Schoulausbildung?!
An et ass just dëst d'Zil vun deem Établissement scolaire, deen iwwert de Wee vun dësem Gesetz soll an d'Liewe geruff ginn.
Et ginn awer nach aner Grënn, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, an ech wëll der e puer opzielen.
E klengt Land wéi Lëtzebuerg muss dat reng nationaalt Denken opginn a sech no baussen opmaachen, fir net am eegene Sauerstoff ze erstécken. D'Rëss an d'Bréch, déi den Zweete Weltkrich verursacht hunn, sinn iwwerwonnen an d'Grenze sinn haut net méi trennend, mä verbindend an ideal gëeegent, fir Brécken ze bauen.
Zënter Jore si mer an engem europäeschen Integratiounsprozess dran an Integratioun setzt Ofbau vu Sproochebarrièrë viraus. Esou steet et am Pabeier "Vision d'avenir pour l'espace de coopération interrégionale", dat ënnert der Leedung vum Jacques Santer ausgeschafft an um Sommet vu Saarbrécken 2003 ugeholl gouf. Esou gëtt et och an der Resolutioun iwwert de Bilinguisme festgehalen, déi 2004 unanime vun der Assemblée plénière du Comité économique et social vun der Groussregioun ugeholl gouf. All Schüler aus der Groussregioun soll bis spéitstens 18 Joer déi
zwou Sproochen Däitsch a Franséisch beherrschen.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, de Lycée huet en Numm, "Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum Perl", e schwéierfällegen Numm, géif ech emol soen, mä deen awer déi däitsch an déi lëtzebuergesch Sensibilitéite respektéiert. Konrad Adenauer gëtt ersat duerch Schengen a Schengen ass entre-temps e weltwäite Begrëff. D'Vinsmoselle vermaart och hire Wäin a China, an net nëmmen a China, ënnert dem Numm Schengen.
De Lycée kann op eng bestehend Struktur zréckgräifen, déi ausgebaut muss ginn an och wäert ginn. De Lëtzebuerger Stat - de Jos Scheuer huet et scho gesot -, no enger Redevance unique vun 1,2 Milliounen Euro, bedeelegt sech duerno zu 50% un den Infrastrukturkäschten, während d'Fonctionnementskäschten au prorata vun den ageschriwwene Schüler berechent ginn.
Eng Schoul, déi en Numm huet, eng Schoul, déi eng Infrastruktur huet, eng Schoul, där hire Finanzement geregelt a garantéiert ass, ass awer nach keng richteg Schoul. Si brauch e Modell. Si brauch e Contenu. Si brauch Léiermethoden a si brauch e pedagogescht Konzept, fir an der moderner Philosophie fir eng modern Schoul richteg ze sinn. An hei géif ech soen, Dir Dammen an Dir Hären, ass de Schengen-Lycée innovativ, an ech géif soe vum Schoulmodell bis zum pedagogesche Konzept.
(M. Henri Grethen prend la Présidence)
Ech géif déi fir mech wichtegst Punkten ervirhiewen.
Fir d'éischt emol ass et d'Méiglechkeet, fir d'fënneft an d'sechst Schouljoer an deem Lycée do ze maachen. Duerno bitt en de Secondaire an de Secondaire technique u mat engem Hauptschulabschluss no der Neuvième, nom néngte Schouljoer, no dem zéngten de mittleren Bildungsabschluss an dann zum Schluss entweder d'Abitur oder den Diplôme de technicien de la division administrative et commerciale.
Et ass eng Ganzdagsschoul, wat deenen Elteren, déi zu zwee schaffen, dierft entgéintkommen. Interessant ass awer, datt d'Kanner, déi wëlle mëttes heemgoen, heem kënne goen, an datt och déi, déi dënschdes an donneschdes net wëllen an der Schoul bleiwen, dat kënne maachen; eng ganz flexibel Offer. Et ass awer och esou, datt et wichteg ass, wann ee kuckt am pedagogesche Konzept, datt d'Kanner invitéiert ginn, minimum eemol an der Woch zesummen um Dësch mam Régent ze sëtzen, fir datt gesond iesse geléiert gëtt an och Manéiere bei Dësch geléiert ginn.
Am Contraire zum Lëtzebuerger System brauchen d'Kanner sech net schonn nom sechste Schouljoer fir de Secondaire oder de Secondaire technique ze entscheeden, mä eréischt nom néngte Schouljoer. Esou laang bleiwen d'Orientéierungsrichtungen op.
Och gëtt drop Wäert geluecht, datt d'Kanner vum fënnefte Schouljoer bis zum néngte Schouljoer, dat heescht während fënnef Joer, méi oder manner vum selwechte Lehrerteam enseignéiert ginn. Och eng wichteg Erkenntnis. Esou léiert ee sech géigesäiteg besser kennen, d'Proffe schaffen enk zesummen an hunn dofir en Teamraum, no beim Klassesall. Dëst Konzept ass eng Zort "Frühwarnsystem
mit schnellen Eingriffsmechanismen", fir eventuell Problemer a Schwächten ze détectéieren an ze behiewen, nom Prinzip "Wer die Schwächen schwächt, stärkt die Stärken", awer och fir d'Stäerkte vun de Schüler ze förderen.
Am fënneften a sechste Schouljoer ass d'Lëtzebuergescht obligatoresch. Ech mengen - de Jos Scheuer huet och schonn drop higewisen - et ass déi éischt an och déi eenzeg Schoul am Ausland, déi systematesch eis Mammesprooch enseignéiert. Duerno gëtt Lëtzebuergesch Optiounsfach.
Erlaabt mer eng kleng Anekdot. Ech hat d'Opportunitéit, mat der Madame Minister bei der Aweiung vun enger Primärschoul an der France profonde derbäi ze sinn. An dee Buergermeeschter, deen zu Lëtzebuerg seet, hie wier e franséische Lëtzebuerger, an a Frankräich seet, hie wier e Lëtzebuerger Fransous, hat virun e puer Joer Lëtzebuergesch-Coursen ugebuede fir 7- bis 10-Jähreger.
Eng Lëtzebuerger Léierin ass zweemol an der Woch an déi Gemeng gaangen, fir de Kanner Lëtzebuergesch bäizebréngen, ausserhalb vum reguläre Schoulunterrecht - mä hien hat en anert Zil. An dee Buergermeeschter, deen et fäerdeg bruecht huet, de Groupe acrobatique vun der Garde rapprochée vum Président de la République française fir d'Aktioun Télévie op Hesper ze kréien, huet et awer net fäerdeg bruecht, fir à titre expérimental d'Lëtzebuergescht an de regulären Unterrecht eranzekréien. Hien huet et net fäerdeg bruecht, Madame Minister, hien huet et nach net fäerdeg bruecht!
Et kann een driwwer schmunzelen, awer ech géif soen, et ass ee Mann, deen d'Zeeche vun der Zäit erkannt huet, dee weess, datt den Aarbechtsmaart vu muer den Aarbechtsmaart an der Groussregioun ass.
Op Septième, Dir Dammen an Dir Hären, an net méi wéi an eisem Lycée op Sixième, hunn d'Schüler d'Méiglechkeet, eng drëtt Friemsprooch, an zwar Englesch, ze léieren. A vun der Dixième u souguer Spuenesch. No zwielef Schouljoren ass d'Schoul eriwwer, bei eis no 13. An d'Absolvente kënnen e Joer éischter schaffen oder weiderstudéiere goen. Dat ass konform zum saarlännesche Schoulsystem, dee virun e puer Joer d'Schoulzäit vun 13 op zwielef erofgesat huet. Et muss awer och hei beduecht ginn, datt vill Däitscher nom Abitur eng Léier an/oder Militärdéngscht respektiv Zivildéngscht maachen. Am Saarland leet een am Contraire zu Lëtzebuerg säin Abitur nëmmen a fënnef Fächer of. Virdeel oder Nodeel, d'Zukunft wäert et weisen, mä hei wäert eng Kéier garantéiert ajustéiert oder nogebessert ginn.
D'Homologatioun, do derzou huet de Jos Scheuer e puer Wuert gesot, ech géif net méi dorobber zréckkommen.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, wann d'Schoul mat der Entwécklung vun der Gesellschaft wëllt Schrëtt halen, a wann d'Schoul besonnesch dem Aarbechtsmaart wëllt Rechnung droen, a wann d'Schoul de verännerte Familljestrukture gerecht wëllt ginn, da muss d'Schoul e Liewensraum ginn, wou d'Kanner, d'Schüler, d'Studente sech entfale kënnen. Da brauche mer innovativ pedagogesch Konzepter, an déi huet de Schengen-Lycée. Ech wëllt der e puer opzielen.
Selbststänneg léieren an och léiere léieren. E bitt Hëllefsstellungen un a bestëmmte Fächer. Et gëtt fachiwwergräifend a projektorientéiert enseignéiert mat zukunfts- a kompetenzorientéierte Léier- a Lernmethoden. D'Förderung vun de staarken a schwaache Schüler, Gruppenaarbecht, ausserschoulescht Lernen an eng ganz Rei vu kulturellen a sportlechen Aktivitéiten.
Mir ass awer och ee Wuert opgefall an et ass mer wichteg, datt ech et e wéineg méi ausdäitschen, an dat ass dat grujelecht Wuert vun den Hausaufgaben. Wann ee kuckt, am Schengen-Lycée gëtt aus den Hausaufgabe Schulaufgabe gemaach, an ech géif soen, wa mer eng partizipativ Kommunikatioun tëschent Schoul an Elterenhaus hunn oder eng kommunikativ Partizipatioun, da brauche mer keng Hausaufgaben. Woufir? Déi éiergäizeg Eltere maache se souwisou. An déi Elteren, déi net kënnen, deene maache mer e schlecht Gewëssen.
An déi Elteren, déi net wëllen, deenen ass et souwisou egal.
Mat dësem Lycée, Dir Dammen an Dir Hären - och mat aneren, déi kreéiert wäerte ginn -, duerchbrieche mer hei déi vertikal Schoulstruktur an eisem Schoulsystem an ersetze se duerch eng horizontal Struktur, wou Corps enseignant, Schüler an Eltere Partner ginn, an net méi zu Riichter. Den Interessi um Schengen-Lycée war grouss: 130 Erstanmeldungen. Et war op 80 getippt ginn. An där Ëmfro, déi bei de Leit, bei de concernéierten Eltere gemaach ginn ass, gouf un éischter Stell de Concept pédagogique genannt, an un zweeter Stell d'Ganzdagsschoul a besser Orientéierungsméiglechkeeten.
Dir Dammen an Dir Hären, dat si Saachen, déi muss een interpretéieren an och fir eis zukünfteg Reforme mat an d'Iwwerleeung eranhuelen. Wat ech géif zréckbehalen, ass, datt mat dësem Lycée d'Erwaardunge vun den Eltere sech mat deem decken, wat d'Politik versicht mat dësem Projet ze erreechen, an zwar d'Kanner fit ze maache fir d'Liewen, an d'Kanner fit ze maache fir de spéideren Aarbechtsmaart an der Groussregioun.
Zum Schluss: Et ass e gudden Zoufall, datt de Vote iwwert dësen Text am Joer 2007 geholl gëtt; d'Joer net nëmme vum Bloen Hirsch, mä virun allem d'Joer vun der iwwerregionaler Zesummenaarbecht a Saache Kultur. Mir kënne Grousses leeschte mat eisen Nopeschregiounen. Mir versichen et jo op aneren Niveauen. Elo grënne mer deen éischten interregionale Lycée. Muer kommen hoffentlech - an net nëmme mam däitsche Grenzgebitt, mä och mam franséischen a belschen - anerer derbäi.
Mä net nëmme Schoulen, wou d'Wësse vermëttelt a gefuerdert gëtt, och Konscht- a Museksschoule kënne mer gemeinsam an d'Liewe ruffen an där enger oder anerer Schoul eng Spezialisatioun uvertrauen. Mir kënnen esou vill zesumme realiséieren. An ech sinn iwwerzeegt, datt mat dësem Lycée hei e Signal gesat gëtt, dat fir ons zwee Länner vu grousser Wichtegkeet wäert sinn.
Page 426
Ech soen Iech Merci a ginn och heimadder den Accord vu menger Fraktioun.
Plusieurs voix.- Très bien!
M. le Président.- Merci, Madame Gantenbein. Nächsten ageschriwwene Riedner ass den Här Claude Meisch. Här Meisch, Dir hutt d'Wuert.
M. Claude Meisch (DP).- Merci, Här President. Dir Dammen an Dir Hären, erlaabt mer fir d'alleréischt dem Rapporteur ze félicitéiere fir säi schrëftlechen an och säi mëndleche Rapport. En ass op ganz vill Detailer vun dësem Projet de loi agaangen, esou datt et mir erspuert bleift, als Noriedner, nach emol just dat ze widderhuelen.
Hei op dëser Plaz am Land an op anere Plaze gi ganz grouss Sonndesriede gehalen, wann et ëm Europa geet, ëm d'Zesummewuesse vun den eenzelnen europäesche Länner an Natiounen. Oft vergiesse mer awer, ganz konkret Projeten dobäi ze ernimmen.
Gradesou grouss Sonndesriede gi gehalen, wann et ëm d'Zukunft vun der Groussregioun geet, also ëm d'Zesummewuessen hei an eisem Eck, an eiser Regioun vun Europa. Och do muss een heiansdo méi laang kucken a méi laang sichen, wann et ëm konkret Projete soll goen. Ee vun deene konkrete Projeten, deen der Groussregioun e Gesiicht ginn huet, ass ouni Zweifel d'Kulturjoer 2007, an en aneren ass ouni Zweifel dëse Lycée Pärel-Schengen, iwwert dee mer haut hei diskutéieren a wëllen ofstëmmen.
Eng grenziwwerschreidend Schoul also an engem Eck vum Land, wou Schoulinfrastrukturen am Secondaire bis ewell nach schwaach besat waren, wou also op eiser Säit vum Land souwisou e Besoin bestanen huet, a wou d'Collaboratioun hei tëschent also enger Lëtzebuerger Schoul an enger däitscher Schoul - besser gesot, enger Schoul vum Bundesland Saarland - forcéiert gëtt, fir eng konkret Äntwert ze sinn op eng ganz Rei vun Erausfuerderungen, déi sech mëttlerweil awer stellen.
Dës Collaboratioun am éducative Beräich tëschent zwee Länner an eiser Groussregioun mécht sécherlech Sënn. D'Origine geet op d'Joer 2003 zréck, wou déi deemoleg Educatiounsministesch, d'Madame Anne Brasseur, déi éischt Grondsteng fir dëse Projet geluecht huet.
Och am Primärberäich ass deemools - 2003, besser gesot, den 8.
September 2003 - en éischten Échange décidéiert gi vun Enseignanten, vu lëtzebuergeschen a saarlännesche Schoulmeeschteren, déi dann d'Primärschoulkanner op där enger Säit - op der däitscher Säit - besser am Franséischunterrecht guidéieren, an op där anerer Säit - also op eiser Säit, op der lëtzebuergescher Säit - besser kënnen am Däitschunterrecht guidéieren, well et Enseignantë sinn, wou d'Däitscht d'Mammesprooch ass, an domadder och e gewëssenen Avantage gesi gouf.
Och fir d'Sproochhindernisser allgemeng an der Groussregioun ofzebauen, huet d'Assemblée du comité économique et social de la Grande Région de 27. Mee 2004 an enger Resolutioun gefuerdert, datt mer virun allem iwwert de Wee vum Ofbau vun de sproochleche Barrièren d'Zesummewuessen an der Groussregioun solle stäerken. Och an dësem Kontext, mengen ech, soll dëse Projet gesi ginn. Wa mer wëlle méi enk zesummewuesse mat eisen Nopeschregiounen, ass et wichteg, datt mer vu Klengem op déiselwecht Sprooche schwätzen a verstinn, fir eis géigesäiteg dann och besser ze verstoen an eis géigesäiteg ze ënnerstëtzen, fir dës Groussregioun Realitéit ginn ze loossen.
Op vill Erausfuerderunge gëtt den aktuelle Schoulsystem keng konkret Äntwert. Mir gesinn dat zum Beispill nëmmen doran, datt nach ëmmer ganz vill Schoulkanner hei aus dem Land an Nopeschlänner an d'Schoul ginn, also Kanner, déi offensichtlech hei net déi Offerte scolaire fannen, déi se bräichten, oder déi d'Eltere sech wënsche fir hir Kanner.
Oft hu mer och net déi néideg kritesch Mass als dach awer klengt Land, op all schoulesch Erausfuerderungen déi richteg Äntwert ze ginn, op déi ënnerschiddlech Viraussetzungen, mat deenen d'Kanner an d'Schoul kommen, op déi ënnerschiddlech Problemer, déi sech deenen eenzelne Kanner op hirem Schoulwee stellen, dann och ganz geziilt kënnen ze realiséieren, well déi kritesch Mass an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg feelt.
Duerfir ass et och wichteg, datt een emol iwwert d'Grenze vum Land kann erauskucken, fir déi kritesch Mass do emol punktuell beieneen ze kréien. An och well mer jo hei zum Deel op d'mannst en däitsche System mat iwwerhuele fir déi dote Kanner - och fir lëtzebuergesch Kanner mat iwwerhuelen -, ginn hei nei pedagogesch Konzepter an Iddië mat an eis Schoul erabruecht hei zu Lëtzebuerg. Dat ass och sécherlech prinzipiell ze begréissen.
Den Aarbechtsmaart ass jo dee Volet an der Groussregioun, wou d'Groussregioun schonn am beschte realiséiert ass, wou se Realitéit ass an ëmmer méi zur Realitéit gëtt, well mer ganz besonnesch hei am Land ganz vill Mataarbechter aus den Nopeschregiounen hunn, a Joer fir Joer mat deenen dausende vun Aarbechtsplazen, déi geschafe ginn, der nach ëmmer méi bäikommen. Wann also hei am Land dräi Aarbechtsplaze geschafe ginn, kënne mer am Duerchschnëtt dovunner ausgoen, datt zwou vun deenen Aarbechtsplaze vu Frontalieren aus der Groussregioun besat ginn.
Duerfir ass et och wichteg, datt d'Educatioun och der Realitéit um Aarbechtsmaart Rechnung dréit, an datt mer och do an Termë vun der Groussregioun denken, datt mer och do kucken, datt och an der Groussregioun ausgebilt gëtt, fir herno de lëtzebuergeschen Aarbechtsmaart kënnen ze bedéngen, well d'Entreprisen déi Leit hei am Land ganz einfach brauchen.
Bei deene ganz ville positiven Aspekter, déi zu dësem Projet de loi unzemierke sinn, wëll ech vläicht awer och nach eng Rei vu Froen opwerfen, déi sech mat Sécherheet ganz konkret wäerte stellen; besonnesch och fir déi Leit wäerte stellen, déi herno an där Schoul do solle schaffen.
Mir hunn hei zwou Zorte vun Enseignanten: eng Kéier däitsch Enseignanten an eng Kéier lëtzebuergesch Enseignanten. Mir wëssen, datt do d'Kritären aneschters sinn, datt d'Bezuelen aneschters ass.
Trotzdeem schaffen déi Leit herno an enger Schoul zesummen, an engem Schoulalldag. Et kann ee sech scho virstellen, datt déi ënnerschiddlech Konditiounen, zu deenen d'Enseignanten do schaffen, awer net onbedéngt favorabel si fir d'Betribsklima an deem Établissement scolaire do.
Et kritt ee jo och herno deeselwechten Diplom. En Diplom, deen awer eigentlech ënnerschiddlech erschafft ginn ass, oder erschafft gi soll, oder op anere Plazen aneschters erschafft gëtt. Mir wëssen, datt ee fir en däitscht Abitur eigentlech muss a fënnef Fächer en Examen ofleeën: dovun zwee schrëftlech an dräi mëndlech. Fir eis lëtzebuergesch Première sinn dat awer eelef schrëftlech Examen an dräi mëndlech Examen; also, hei och ënnerschiddlech Konditiounen, fir eigentlech herno awer en équivalenten Diplom ze kréien. Mä déi dote Froen, wéi gesot, déi sech an der Realitéit stellen, déi sollen eis awer net dovunner ofbréngen, weider op deen dote Wee ze goen.
Och mir als Demokratesch Partei wëllen dee Projet de loi do stëmmen. Ech ka mer virstellen, datt déi Innovatioun, déi hei am Schengener Raum realiséiert ginn ass, och e Modell ka si fir aner Regiounen hei op dëser Säit vun der Grenz oder op där anerer Säit vun der Grenz, fir och doduerjer dozou bäizedroen, datt d'Groussregioun lues a lues zu enger Realitéit gëtt, an datt mer virun allem bei deene Jonken ufänke se opzebauen, nämlech bei eise Kanner.
Ech soen Iech Merci.
Une voix.- Très bien.
M. le Président.- Merci, Här Meisch. Nächsten ageschriwwene Riedner ass den Här Adam. Här Adam, Dir hutt d'Wuert.
M. Claude Adam (DÉI GRÉNG).- Merci, Här President. Dir Dammen an Dir Hären, fir d'éischt wëll ech dem Rapporteur Merci soe fir säi mëndlechen a schrëftleche Rapport.
Et ass fir déi Gréng ëmmer och eng besonnesch Freed, wa mir kënnen d'Schoulpolitik vun der Regierung a vun der Madame Minister ënnerstëtzen. Wéi villen anere Leit och, mécht et eis méi Freed, positiv Projeten ze ënnerstëtzen, wéi negativ Projeten ze kritiséiere respektiv ze verhënneren, zumools wou de Succès
an deem zweete Fall jo och meeschtens éischter bescheiden ass.
An der Erwaardung vun där grousser Schoulreform hu mir d'Hoffnung nach net ganz opginn. Och wa mer am Moment keng Ursaach hunn, allze vill optimistesch ze sinn, freeë mer eis alt op déi kleng Häppercher vu Schoulreform, déi mer vun Zäit zu Zäit presentéiert kréien.
Ech erënneren an deem Kontext och nach eng Kéier un d'Gesetz iwwert de Bac international. Ech maachen eng kleng Klammer op. Bis 2002 ass eréischt de Bac international zu Lëtzebuerg unerkannt ginn. Bis 2006/2007 haten nëmmen zwou Privatschoule Studien ugebueden, déi zum Bac international féieren, an zwar d'Fräi Öffentlech Waldorfschoul an d'International School. Zënter dem Schouljoer 2006/2007 ginn och esou Studien am Lycée technique du Centre ugebueden.
Mir hate schonn hei an der Chamber festgestallt, datt et beim Bac international weder e Fach Instruction religieuse et morale nach e Fach Formation morale et sociale gëtt. Aus grénger Siicht ass dat eng ganz interessant Ouvertür.
Eng ganz interessant Richtung huet de Projet de loi och kritt, well mir en allgemengt Gesetz gemaach haten, dat et erméiglecht, dëse Bac an allen öffentleche Schoulen zu Lëtzebuerg unzebidden. Iwwert dee méi einfachen a schnelle Wee vum Règlement grand-ducal kann den zoustännege Minister oder déi zoustänneg Ministesch eenzelne Schoulen op Ufro a wann dat da Sënn mécht déi Méiglechkeet zougestoen.
Mir sinn hei an der Debatt dovun ausgaangen, datt mat der Zäit ganz vill Schüler um Bac international interesséiert ginn, an net nëmme Schüler mat engem Migratiounshannergrond. Och Lëtzebuerger Schüler, déi sech net wuel fillen an eisem Schoulsystem, kéinten dëse schoulesche Wee goen. Där Schüler gëtt et eiser Meenung no eng ganz Rei. Doduerch kréie mer, wa mir et dann zouloossen, eng Konkurrenz tëschent zwee Schoulsystemer, an dat ass gutt esou.
Komme mer zréck op de Projet de loi 5665. Mir stëmmen haut e Gesetz iwwer e gemeinsamen däitsch-lëtzebuergesche Lycée zu Pärel. Op den Detail brauch ech net méi anzegoen. Dat hu meng Virriedner gemaach.
Mir hëllefen also hei e Lycée schafe mat 800 bis 1.000 Schüler - eng Zuel, déi mer ganz verstänneg fannen. Dat ass schonn en éischte positive Punkt vun dëser Schoul.
An déi Schoul sollen zur Halschent Schüler aus Däitschland an aus Lëtzebuerg kommen. Bei den Enseignanten ass et d'selwecht. Mir hunn och schonn héieren, datt elo schonn eng ganz Rei Demandë vu Lëtzebuerger Kanner do sinn, fir am véierte Schouljoer an de Schengener Lycée ze goen.
Wat motivéiert déi Schüler an hir Elteren, schonn am véierte Joer wëllen iwwert d'Grenz an d'Schoul ze goen? Vläicht well dat eng Ganzdagsschoul ass? Déi Gréng froe scho laang no enger breet gefächerter Offerte vu Ganzdagsschoulen. An dat ass en zweete Pluspunkt fir dës Schoul.
En drëtten décke Pluspunkt kritt dës Schoul vun eis, well et eng Gesamtschoul ass. Am Exposé des motifs steet: "La nouvelle école (...) devrait (...) garder ouvertes toutes les possibilités d'orientation jusqu'en 9e année d'études..."
Et freet eis, datt eis Regierung bei eppes, wat hei am Ländchen ëmmer nach mat engem ideologeschen Tabu beluecht ass, soubal mir iwwert d'Grenzen ewech ginn, richteg, innovativ a couragéiert gëtt.
Datt et grad just Däitschland ass, dat mat Lëtzebuerg op de Wee vun enger Gesamtschoul geet, ass erstaunlech, well et jo grad just dëst Land och ass, dat an enger grousser Majoritéit vu Fäll deeselwechten dräigliddrege Schoulsystem huet wéi mir, vun deem mer jo alleguer nach net ewech wëllen.
Wéi genee de Schengen-Lycée sech do wäert organiséieren, fir deen Tronc commun ze organiséieren, dat geet natierlech net aus dem Accord an och net aus dem Projet de loi ervir. Mir sinn natierlech gespaant op déi Erfahrungen, déi hei gemaach ginn. Mir ënnerstëtzen déi Philosophie an déi Richtung, déi hei ageschloe gëtt, gären.
Mir wëssen natierlech, datt en Tronc commun zwar eng Noutwendegkeet fir eng sozial méi gerecht Schoul ass, mä mir wëssen och, datt dat keng einfach Entreprise ass an datt d'Formatioun an d'Motivatioun vun den Enseignanten elementar wichteg sinn.
Ganz interessant a positiv ass natierlech och, datt an deem Lycée zum Beispill den däitschen an de Lëtzebuerger Bac oder Bac technique schonn no sechs Joer postprimäre Studië gemaach ka ginn.
Alt erëm spannend, alt erëm eng Erausfuerderung, wann ee sech dann ukuckt, wéi héich och an där heiter Schoul d'sproochlech Ufuerderunge sinn. Mir verlaangen hei praktesch ee gläichberechtegten Niewentenee vun Däitsch, Franséisch an Englesch - d'Lëtzebuergescht gëtt och net vergiess. A well d'Englescht hautdësdags esou wichteg ass, gëtt och direkt op Septième domat ugefaangen.
Wa mir da wëllen a sechs Joer zu enger Lëtzebuerger Première kommen, da gëtt dat keen einfache Match fir déi jonk Leit, déi sech op dëse Wee maache wëllen. An et ass just hei bei deem gewaltege sproochleche Programm, deen dëse Lycée sech op de Fändel geschriwwen huet, wou mir ganz lues Zweifel kommen, ob dat däers Gudden net vläicht awer e bëssen ze vill gëtt.
Dee Sproocheräichtum, dee mir hunn, ass eng wonnerbar Saach. Wa mir awer aus all Sprooch e Schoulfach mat héijem Usproch maachen, da riskéiere mer do weiderzefueren, wou mer elo schonn amgaange sinn: Mir iwwerfuerderen eng relativ grouss Zuel vu Schüler a Schülerinnen. Mir mengen, mir missten d'sproochlech Barrière héich hale wéinst dem Lëtzebuerger Aarbechtsmaart. Och dat dierft en Iertum sinn.
Mir hunn zu Lëtzebuerg e Bac international. Mir kréien elo eng däitsch-lëtzebuergesch Schoul, wou all Joer eng awer nach ëmmer ganz bescheiden Unzuel vu Schüler hiren Diplom maachen. Mir hunn eng grouss Europaschoul, wou ganz vill Schüler laanscht de Lëtzebuerger Schoulsystem geschleist ginn, a mir hunn ee ganz interessante Phenomeen hei zu Lëtzebuerg, deen ëmmer méi grouss Ausmoossen unhëlt: Et ass de Phenomeen vun der Homologatioun vun Diplomer.
Dir Dammen an Dir Hären, am Joer 2006 hunn 2.983 Demandeuren eng Equivalenz oder eng Assimilatioun zu engem Lëtzebuerger Diplom oder Certificat kritt. 2.983! Dat ass phenomeenal. 1.003 Leit hunn 2006 zu Lëtzebuerg eng Equivalenz fir ee Secondaires- oder Secondaire-techniques-Ofschloss kritt.
Wann een da weess, datt am selwechte Joer 2006 1.815 Leit esou en Diplom an enger Lëtzebuerger Schoul kritt hunn; wann ee weess, datt d'Zuel vun deene Schüler, déi zu Lëtzebuerg en Diplom kréien, relativ stationär ass - alles an allem sinn dat ronn 3.200 Leit all Joer -; wann ee weess, datt d'Zuel vun de Gläichstellunge vun Diplomer an de leschte Jore rapid an d'Luucht gaangen ass - 2006 waren et 35% méi wéi 2005 -, da steet souguer e Projet Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum Perl do als dat, wat et ass: ee klenge sympathesche Projet pilote, zu deem ech och gären d'Zoustëmmung vun der grénger Fraktioun bréngen.
(M. Lucien Weiler reprend la Présidence)
Alt erëm ee Projet pilote, deen alt erëm an eng positiv Richtung geet. Wann een awer weess, datt mer geschwë genausou vill Diplomer duerch Homologatioun produzéieren, wéi an eise Schoule selwer, da gëtt et ëmsou méi däitlech, datt mer eis musse Gedanke maachen iwwert déi Aart a Weis, wéi mir an eise Schoule certifiéieren. Da kënnen och déi 259 Bacs européens vun der Europaschoul, déi 35 Bacs internationaux vun der International School, déi 12 vun der Waldorfschoul an déi 37 Bacs français vum Lycée Vauban - et sinn d'Zuele vun 2006 - net driwwer ewechtäuschen, datt mir eis Aart a Weis ze certifiéiere mussen a Fro stellen an eis Schoule musse reforméieren.
Ech soen Iech Merci.
Plusieurs voix.- Très bien!
M. le Président.- Merci, Här Adam. Als leschte Riedner huet den honorabelen Här Mehlen d'Wuert.
M. Robert Mehlen (ADR).- Merci, Här President. Och ech wëll mech de Mercien uschléissen un de Rapporteur, deen hei ganz explizit duergeluecht huet, ëm wat et bei dësem Projet geet.
Zu dësem Projet fält engem villes an, ganz besonnesch, wann een der Versuchung net widderstoe kann, fir iwwert d'Schoulpolitik hei zu Lëtzebuerg am Allgemengen ze schwätzen. Ech wäert mech däers awer enthalen, well ech mech och der Hoffnung uschléissen, datt mer dorobber bei anerer Geleeënheet am Detail kënnen agoen.
Här President, dëse Projet - an och déi Diskussioun hei - fënnt awer statt virum Hannergrond vun enger extrem schwiereger Situatioun vum Lëtzebuerger Enseignement, fir net ze soen, enger dramatescher Situatioun, wann een d'Erfollegs- oder besser gesot d'Mësserfollegsquotë gesäit, déi mer produzéieren.
Duerfir kann ee soen, et ass ee positive Schrëtt. Wann hei zwee Systemer, déi jo awer grondverschidde sinn, déi verschidde gewuess sinn, déi vläicht och vu verschiddenen Approchen ausginn, déi alle béid hir Problemer hunn - well mer wëssen, datt den däitschen Enseignement och net ouni Problemer dosteet, mä souguer mat ganz grousse Problemer konfrontéiert ass -, wann déi Systemer openeentreffen, gëtt et vläicht méiglech, vun deenen zwou Säite jeeweils dat Bescht erauszefilteren an en neie Cru doraus ze maachen, deen da besser ass wéi dat, wat vun zwou Säiten als Origine dostoung.
Mir wëssen, datt Lëtzebuerg déi deierste Schoul op der Welt huet.
Ech hunn dat viru kuerzem hei gesot. Ech wëll nach eng Kéier drun erënneren. Et sinn d'Zuelen, déi mer d'lescht Joer vun der OCDE kritt hunn. Wann een den Duerchschnëtt vun der OCDE - wat jo keng aarm Länner sinn - gläichsetzt mat der Relativzuel 100, da gesäit een, datt Däitschland bei 106 bis 107 läit, a Lëtzebuerg bei 244!
Wa mer dann awer eis Resultater gesinn a mir vergläichen déi mat engem däitsche System, dee méi wéi hallef esou deier ass nëmmen, da géif ech mengen, mir kéinten duerch esou eng Zesummenaarbecht eigentlech nëmme gewannen an och bäiléieren.
Ee vu menge Virriedner huet e Problem ugesprach, deen ech mer och ganz konkret ka virstellen, an dat ass dee vun der Rémunératioun vum Léierpersonal. Hei schaffe Leit vun zwou Säiten zesummen an deemselwechte Betrib. Si maachen déiselwecht Aarbecht. Si wäerten och alt e bësse matenee schwätzen, vläicht hir Paie matenee vergläichen, mä ech ka mer virstellen, datt dat Gespréich gëtt.
Une voix.- Wéi hire Loyer!
(Interruption)
M. Robert Mehlen (ADR).- Ech hoffen, datt dat net op däitscher Säit zu Demotivatioun féiert, wat sech net positiv géif op d'Resultater vun där Schoul auswierken.
En anere Punkt ass deen - et ass hei ugesprach ginn, e bëssen iwwerraschend -, datt an där Schoul och soll Lëtzebuergesch enseignéiert ginn. Ech mengen, mir vu Lëtzebuerg aus hu sécher kee Problem domat, an eis däitsch Frënn dierfte wahrscheinlech och kee Problem domat hunn, well et fir d'Kanner, wa mer gesinn, wéi vill der aus deem Raum op Lëtzebuerg schaffe kommen, spéiderhi sécher keen Nodeel ass, wa se iwwer uerdentlech Lëtzebuergeschkenntnisser verfügen. En Deel schwätzt et jo nach vun doheem aus, mä et hëlt awer an der Grenzregioun ganz séier of.
En anere Punkt, dee mer duerch de Kapp gaangen ass, op deen de Rapporteur, wann ech him gutt nogelauschtert hunn, net agaangen ass, dee mech awer géif interesséieren, ass dee vun de Vakanzen, déi jo och hüben und drüben ganz ënnerschiddlech sinn. Wat fir eng Solutioun ass do fonnt ginn?
Ech weess net, ob d'Vakanzendauer am Saarland exakt déiselwecht ass. Souguer wann et déiselwecht wär, dann treffe se jo wahrscheinlech net ëmmer openeen, wat méiglecherweis och an de Familljen, deemno ob se Kanner an ënnerschiddleche Schoulen hunn, awer kënnt bei der Vakanzeplanung zu Schwieregkeete féieren.
D'grouss Vakanz ass zwar esou grouss, datt ee wahrscheinlech dann och laanschtenee kéim, wann et net mat der Lëtzebuerger grousser Vakanz zesumme géif falen.
Här President, zum Ofschloss, mir fannen op jidde Fall virun allem positiv, datt an deem Raum do, am Raum Schengen, Rëmerschen - mir soen am Allgemengen am Haff Réimech, wann een et e bësse méi wäit ausdehnt - e Lycée geschafe gëtt, deen de Leit och op Lëtzebuerger Säit d'Méiglechkeet gëtt, hir Kanner an e Lycée ze schécken, deen do an der Géigend steet. An dee virun allem och de Lëtzebuerger, déi emigréiert sinn - an et gëtt der jo anscheinend ëmmer méi, déi déi Säit wunnen -, d'Chance an d'Méiglechkeet gëtt, hir Kanner dann do an d'Schoul ze schécken.
A last but not least stellt dëse Projet och en Deel Vergaangenheetsbewältegung duer, e weidere Schrëtt a Richtung Vergaangenheetsbewältegung, vun där mir ausginn, datt se zwar esou wäit ofgeschloss ass, mä mir mierken awer vun Zäit zu Zäit ëmmer nach, datt se nach net ofgeschloss ass. Duerfir ass et op jidde Fall e positive Schrëtt, wann eis Kanner vun där enger a vun där anerer Säit méi no beienee kommen, all Dag mateneen ze dinn hunn an domadder ganz sécher dann déi lescht Résiduë vun Überbleibsel vun enger onglécklecher Zäit hoffentlech definitiv iwwerwonne ginn.
Dat gesot, Här President, bréngen ech selbstverständlech den Accord vun eisem Grupp zu dësem Projet. Ech soen Iech Merci.
M. Gast Gibéryen (ADR).- Très bien!
M. le Président.- Merci, Här Mehlen. D'Madame Mady Delvaux, Minister zoustänneg fir d'national Erzéiung, huet d'Wuert.
Mme Mady Delvaux-Stehres, Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle.- Merci, Här President. Ech freeë mech iwwert dee breede Konsens hei am Plenum. Ech wollt all menge Virriedner a besonnesch dem Rapporteur Merci soe fir déi exzellent Presentatioun. Mir bleift eigentlech näischt méi ze soen. D'Schoul ass presentéiert ginn ënner all hire Facetten.
Ech freeë mech doriwwer, dass et eigentlech relativ schnell gaangen ass, dass mer déi Schoul kënnen opmaachen. 2003 ass déi éischt Zesummenaarbecht zwëschent Lëtzebuerg an dem Saarland ugaangen.
Deemools waren déi Kanner am éischte Schouljoer, déi hunn du Franséisch geléiert zu Pärel, an du war natierlech d'Demande vun de saarlänneschen Autoritéiten, fir ze soen, ma déi léieren elo véier Joer Franséisch an der Primärschoul an dann an der "fünften Klasse" gi se an de Lycée, an da wär et jo schued, wann dat Franséischt, wat se do geléiert hunn, net kéint weidergoen.
Dat war u sech d'Demande 2004 vum saarlänneschen Unterrechtsminister, an do hu mer décidéiert, mir géifen da kucken esou séier wéi méiglech esou en däitsch-lëtzebuergesche Lycée ze maachen, well déi Kanner jo elo 2007 an d'"fünfte Klasse" kommen.
Domadder hu mer eigentlech fir lëtzebuergesch Verhältnisser relativ schnell geschafft, mat der Hëllef vun eisen däitsche Frënn.
Ech freeë mech och iwwert dee Succès vun där Schoul. D'nächst Joer wäerte fënnef fënneft Schouljoren do an där Schoul fonctionnéieren.
Mir waren an eise Prévisiounen dovunner ausgaangen, dass mer wahrscheinlech mat dräi fënneft Schouljore géifen ufänken.
D'Demande ass méi grouss wéi dat, wat mer eis virgestallt hunn, souwuel vun der däitscher Säit wéi vun der lëtzebuergescher Säit.
Et sinn 32 Lëtzebuerger Schüler, déi d'nächst Joer an d'fënneft Schouljoer do an de Schengen-Lycée ginn.
Dat ass also en Zeechen, dass d'Offer interessant ass an attraktiv, a wéi Dir alleguerte wënschen ech, dass déi Schoul och e volle Succès gëtt. Well d'Erwaardunge si grouss, an ech hoffen, dass déi Erwaardungen och alleguerte kënnen erfëllt ginn, an dat ass jo d'Missioun vun den Enseignanten, déi dohinner ginn.
Ech wëll just zwou Remarquë maachen. Also, éischtens ass dee Konzept vun där Schoul zwar eng Ganzdagsschoul. Si geet moies um siwen Auer un, an d'Kanner kënnen dobleiwe bis sechs Auer owes. Et ass allerdéngs keng Gesamtschoul. Et bleift en dräigliddrege System, deen an deemselwechte Gebai offréiert gëtt. Dat ass jo déi Philosophie, déi mer hei och bei deenen neie Schoulen alleguerten uwenden. Dat heescht, dass an deemselwechte Gebai de Classique, den Technique an de Préparatoire, wat an Däitschland dann d'Realschule ass, géif offréiert ginn. An deem Sënn si mer kohärent mat deem, wat mer och hei zu Lëtzebuerg maachen.
Ech wollt och ënnersträichen, dass et fir mech evident ass, dass Projete wéi deen heiten, dee jo begréisst gëtt, natierlech net dispenséiere vu Reformen an eisem Schoulsystem. Ech wëllt hei ganz kuerz just soen, dass mer jo amgaang sinn, iwwer Inhalter an der Schoul ze diskutéieren. Mir sinn amgaang, een Enseignement par compétence ze definéieren an anzeféieren. An der Primärschoul si mer elo bei Propositioune bis zum 6. Schouljoer. Dat geet elo u sech weider an de Lycée.
Also, et ass op kee Fall esou, dass d'Kreatioun vun alternative Schoulen eng Dispens wär, fir den Unterrecht ze reforméieren. Ech wëllt awer soen, dass eng nohalteg Reform vun der Schoul éischtens Zäit brauch - leider gesäit een d'Resultater net kuerz Zäit duerno, mä nëmme laangfristeg - an dass et eng grouss Iwwerzeegungsaarbecht bedeit, fir all d'Enseignantë mat op de Wee ze huelen. An ech muss soen, dass ech de Moment éischter optimistesch sinn, well ech eigentlech positiv Echoen aus de Schoule kréie fir en Ëmdenken, dat Gutt vun eisem Schoulsystem ze halen - well villes ass jo gutt - an et esou ze adaptéieren, dass mer dem 21. Jorhonnert gerecht ginn.
Ech freeë mech iwwert déi Schoul hei, well ech mengen, engersäits sollte mer d'Reform weiderdreiwe vun den Inhalter vum Enseignement, dee mer hunn. Mä ech mengen awer och, vu déi Diversitéit vu Kanner, déi mer zu Lëtzebuerg hunn aus verschiddene sozialen, kulturellen, sproochlechen Hannergrënn, dass mer eis Schoul musse méi diversifiéieren.
Dat ass jo een Zil, een deklaréiert Zil an der öffentlecher Schoul: vill variéiert Forme vun Unterrecht unzebidden, well d'Zil ass jo, méiglechst vill Kanner esou héich wéi méiglech auszebilden an esou héich wéi méiglech ze qualifizéieren. An dohinner gëtt et net méi nëmmen ee Wee.
An ech mengen, dass et vläicht dat ass, wat mer am schwéiersten akzeptéieren: dass mer musse verschidde Modeller niewenteneesetzen, fir eben deene verschiddene Kanner mat hire verschiddenen Talenter méi d'Méiglechkeet ze ginn, zu engem Diplom an zu enger Qualifikatioun ze kommen.
A schlussendlech freeën ech mech, well ech gesinn - esou wéi Dir alleguerten - an deem Schafe vun engem däitsch-lëtzebuergesche Lycée eng immens schéin a grouss Symbolik. Ech menge mir brauche jo elo net all Kricher erëm opliewen ze loossen, mä dass mir et fäerdeg bréngen, deen éischte Lycée, dee mer esou maachen, mat Däitschland, mat engem däitsche Bundesland ze maachen, dat fannen ech immens positiv.
Ech fannen et och schéin, dass mer et am Kulturjoer, wou mer d'Grande Région mat associéiert hunn, fäerdeg bréngen, e Gesetz ze stëmmen, wou mer ee grenziwwerschreidende Lycée zwëschent Däitschland a Lëtzebuerg schafen. An ech sinn iwwerzeegt, dass dat vläicht dat dauerhaftst Element vum Kulturjoer ass, wat dann dat Joer 2007 iwwerlieft.
Ech mengen, dass d'Groussregioun e wichtegt Element ass - et ass vun alle Riedner hei ënnerstrach ginn -, an ech si frou, dass mer mat der Schafung vun dëser Schoul zu engem Stéck konkreter Zesummenaarbecht an der Groussregioun bäidroe kënnen. Ech wënschen all deene Kanner an all deenen Enseignanten, déi an déi Schoul ginn, dass et e volle Succès gëtt.
Ech soe villmools Merci.
Plusieurs voix.- Très bien!
M. le Président.- Merci, Madame Minister. Mir kommen dann zur Ofstëmmung iwwert dëse Projet de loi. Den Text steet am Document parlementaire 56652.
Vote sur l'ensemble du projet de loi et dispense du second vote constitutionnel
De Projet de loi 5665 ass eestëmmeg ugeholl mat 60 Jo-Stëmmen.
Ont voté oui: Mmes Sylvie Andrich-Duval, Nancy Arendt, M. Lucien Clement, Mmes Christine Doerner (par Mme Françoise Hetto-Gaasch), Marie-Josée Frank, Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen, MM. Marcel Glesener, Norbert Haupert, Mme Françoise Hetto-Gaasch, MM. Ali Kaes, Paul-Henri Meyers, Laurent Mosar, Marcel Oberweis, Gilles Roth, Patrick Santer, Marcel Sauber, Jean-Paul Schaaf, Marco Schank, Marc Spautz (par M. Lucien Thiel), Mme Martine Stein-Mergen, MM. Fred Sunnen (par Mme Sylvie Andrich-Duval), Lucien Thiel, Lucien Weiler et Michel Wolter;
MM. Marc Angel, Alex Bodry (par M. Romain Schneider), John Castegnaro, Mme Claudia Dall'Agnol, M. Fernand Diederich, Mme Lydie Err (par M. Roland Schreiner), MM. Ben Fayot, Jean-Pierre Klein, Mme Lydia Mutsch (par M. Marc Angel),
MM. Roger Negri, Jos Scheuer, Romain Schneider, Roland Schreiner et Mme Vera Spautz;
M. Xavier Bettel, Mme Anne Brasseur (par Mme Colette Flesch), M.
Emile Calmes, Mme Colette Flesch, MM. Charles Goerens, Henri Grethen (par M. Claude Meisch), Paul Helminger, Alexandre Krieps, Claude Meisch et Carlo Wagner;
MM. Claude Adam, François Bausch (par M. Félix Braz), Félix Braz, Camille Gira, Jean Huss (par Mme Viviane Loschetter), Henri Kox et Mme Viviane Loschetter;
MM. Gast Gibéryen, Jacques-Yves Henckes, Jean-Pierre Koepp et Robert Mehlen;
M. Aly Jaerling.
Gëtt d'Chamber d'Dispens vum zweete Vote constitutionnel?
(Assentiment)
Dann ass et esou décidéiert.