Debatt virum Vote vum 14.7.2005
M. John Castegnaro (LSAP), rapporteur.- Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, Madame Minister, Här Minister, an dësen Deeg a Wochen ass op dëser Plaz hei, och anerwäerts, a mat Recht mengen ech, oft iwwer historesch Momenter vun der Welt, Europa an an der nationaler Geschicht geschwat ginn. Wa mer haut de Projet de loi 5338 verabschiden, wat jo dann no den Aussoe vum President muer definitiv soll geschéien, da geet et jo drëm fir aus dem IEES, dem Institut d'Études Éducatives et Sociales, e Lycée technique pour professions éducatives et sociales ze maachen.
An da bezitt sech déi historesch Bedeitung eigentlech dorop, dass an eisem Schoulsystem d'Ëmwandlung vun dësem Institut an e Lycée technique e Prozess ofschléisst, deen dann dozou féiert, dass mer an eisem Enseignement postprimaire nach just Lycéeën hunn.
Ofgesi vun der Noutwendegkeet, endlech kloer Verhältnisser a Gläichrangegkeet am bestehende Schoulsystem ze schafen, bedeit dëse Schrëtt och eng Unerkennung fir d'Leeschtung a fir d'Pionéieraarbecht, déi den IEES gemaach huet, a gläichzäiteg och eng Opwäertung fir dës Schoul, souwuel fir d'Léierpersonal vun där Schoul wéi fir d'Schüler.
(M. Jos Scheuer prend la Présidence)
Den IEES respektiv muer de Lycée technique vu Fenteng, oder méi richteg vu Léiweng, huet eng Geschicht, déi op 1973 zréckgeet, wou en am Kader vum Gesetz iwwert den differenzéierten Unterrecht an do mat Recht op déi beschtméiglechst Schoulausbildung fir behënnert oder schwaach Kanner an enger éischter Etapp den IFEM, den Institut de Formation pour Éducateurs et Moniteurs d'éducation différenciée, geschafe ginn ass, an da mam Gesetz vum 6. August 1990 den IEES, duerch dee bis haut - et ass ëmmerhin interessant ze wëssen - ronn 2.000 Schüler gaange sinn, also ausgebilt si ginn, wouvu ronn 1.600 en Diplom de fin d'études secondaires techniques kritt hunn.
Eng aner bedeitend a wichteg Etapp an deem Kontext ass d'Grënnung vun der Uni Lëtzebuerg am Joer 2003 an d'Décisioun vum Transfert vun der Ausbildung vun den Éducateurs gradués de niveau supérieur an déi Uni.
De Rapport vun der zoustänneger Parlamentskommissioun - ech soen direkt hei alle Matglidder vun där Kommissioun an dem Sekretariat en décke Merci - ass de 6. Juli eestëmmeg verabschiet ginn. Et kann een an deem Rapport ganz vill Eenzelheeten am Zesummenhank mat deem Projet de loi noliesen.
Dir wësst, dass dee Projet de loi de Mee 2004, esou laang ass dat also och net hier, deponéiert ginn ass, dass mer vun der Privatbeamte-Chamber den 9. Juli 2004 en Avis kritt hunn, deen zwar grondsätzlech d'Schafe vum Lycée begréisst huet, mä kritiséiert huet, dass dat eng monopolistesch Décisioun wier, dass si léiwer gehat hätten, dass déi Formatioun op all Lycéeë verdeelt gi wier, mä grondsätzlech war se d'accord.
D'Chambre des Fonctionnaires et Employés publics huet den 19. November 2004 hiren Accord ginn. De Conseil d'État huet en éischten Avis, den eigentlechen Avis den 22. Mäerz 2005 an en Avis complémentaire de 5. Juli 2005 ginn.
Eis Kommissioun huet ugefaange mat schaffen den 10. Mee 2005. Ech soen dat, fir dass ee weess, wéi d'Ofleef waren, fir awer och drop hinzeweisen, dass de Statsrot eng Opposition formelle ausgedréckt hat an och gefrot hat, dass eng Rei vun Texter géinge verännert ginn. Mir hunn deem Rechnung gedroen, ouni awer grondsätzlech um eegentlechen Text eppes ze veränneren.
Mir waren eis bewosst, dat muss een ënnersträichen, dass mer eng Prioritéit hei gesinn hunn, fir dass ab dem Schouljoer 2005/2006 dës Ëmwandlung geregelt ass, an dass mat deem Ëmwandelen d'Regele vum Fonctionnement an de generelle Kader vum postprimairen Unterrecht am Allgemengen a vum techneschen Unterrecht am Spezifeschen erapasse sollen.
Vu Bedeitung ass och an deem Zesummenhank, datt dat vun dësem héijen Haus hei den 1. Juni verabschiet Kadergesetz fir d'Personal vum Enseignement secondaire a vum Enseignement secondaire technique seng Uwendung fënnt.
En neie Lycée technique op der Basis ze schafe vu méi wéi 30 Joer Erfahrung an Erfolleg, bedeit och eng Chance fir dat, wat gutt war, nach besser ze maachen, dat heescht d'Optimiséiere vun den aktuelle Studien.
Mä et gëtt och hei, Kolleeginnen a Kolleegen, Här President, e puer Schéinheetsfeeler, déi een offen uschwätze soll. Et sinn déi eigentlech klassesch Problemer, déi mer, wa mer iwwer eise Schoulsystem schwätzen, ëmmer erëm fannen an ëmmer erëm nennen. Ech nennen do virun allem de Problem vun de Chargés de cours an de Problem vun de Gebailechkeeten, also vun den Infrastrukturen. Vläicht erliewe mer eng Kéier an der Zukunft, dass mer en neie Lycée grënden an en neit Schoulgebai scho fäerdeg do stoen hunn, fir dass dat eigentlech an der Logik dee richtegen Oflaf hätt.
* Mme Anne Brasseur ( DP).Här President, däerf ech d'Wuert kréien, wann ech glift?
* M. le Président .- Madame Brasseur, Dir hutt d'Wuert.
* Mme Anne Brasseur ( DP).Wann den Här Castegnaro d'accord wier, wëllt ech him just soen, dass mer an där Situatioun waren an déi awer net gutt war. Et war e Schoulgebai fäerdeg um Geesseknäppchen, mä et gouf nach kee Gesetz fir et fonctionnéieren ze dinn. Dat war de Lycée Aline Mayrisch. Dat war eng Situatioun, an déi mer awer och net méi däerfe kommen. Do war iergendwéi en Décalage entstanen, dee wierklech net ze begréisse war, esou dass mer e Schoulgebai haten, an de Lycée konnt net fonctionnéieren.
* M. John Castegnaro (LSAP), rapporteur.- Madame Brasseur, mir hunn elo eng nei Regierung, en neie Minister, an et kann een et nach just besser maachen.
(Interruptions)
Ech géing et méi logesch fannen, wa mer Schoulgebaier an Infrastrukturen hätten, fir all eis Schoulproblemer geléist ze kréien. Ech bleiwen där Meenung, dass dat méi logesch wier wéi de Contraire.
Den IEES vun haut, dat si 95 Beschäftegt, dovun 80 Enseignanten. Dat sinn de Moment 665 Schüler am Beräich Educateur - eng Zuel, déi mam Schouljoer 2005/2006 op 715 an d'Luucht klëmmt. Da wëll ech trotz allem nach eng Kéier d'Précaritéit vun de bestehende Schoulinfrastrukturen op zwee Siten - Léiweng a Fenteng - ervirsträichen, woubäi Fenteng fir de 15. November vun dësem Joer verlooss muss ginn an dann zu Léiweng e grousse Raum opgedeelt gëtt, fir zousätzlech Schoulsäll ze maachen, ouni dass awer genügend Capacitéit entsteet.
A wann ee weess, dass déi dräi Joergäng, déi do geléiert ginn, oft mateneen do sinn, dann ass dat Gebai, wou dat elo alles ofleeft, einfach ze enk. An eng provisoresch Containerléisung, déi gesicht ginn ass, war bis elo och net méiglech. Dat, wat elo noutwendeg ass a prioritär ass, ass eng Grondsazentscheedung fir e staatlecht Gebai ze bauen, fir dat an de Plan directeur betreffend dem Bau vu Schoulen opzehuelen. Ëmsou méi, dass mer wëssen, dass mer awer bal aacht Joer brauchen, fir en neit Gebai ze realiséieren.
Da wëll ech dobäifügen, dass nieft dem Prinzip selwer och d'Standuertfro eng Bedeitung huet. Ech sinn der Meenung, dass vu dass d'Mass vun de Schüler aus dem Zentrum an aus dem Süde kommen, de Standuert sech och do sollt erëmfannen.
Mir sinn also gefuerdert, well déi bescht Schoul ass déi, wou all d'Viraussetzunge fir en optimaalt Zesummeliewen an Zesummeléiere gi sinn.
En aneren typesch Lëtzebuerger Problem, Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, ass dat vun de Chargés de cours. Och wann et am IEES e bëssen aneschters ass, dann dofir well déi Betraffen - et sinn der ronn 30 un der Zuel - ab dem Joer 2000 an deem Sënn regulariséiert gi sinn, dass hiren Aarbechtsvertrag an en dauerhafte Vertrag, also e Contrat à durée indéterminée ëmgewandelt ginn ass. E Fortschrëtt, mä keng Léisung, wéi se zum Beispill fonnt gi war bei der Verstaatlechung vun der Infirmiersschoul, wou et eng total Regulariséierung ginn ass.
Hei ass eng Chance verpasst ginn am Interesse vun deene Betraffenen, an dat wëll ech ënnersträichen, déi zu de Pionéier vun der Schoul gehéieren an déi et menger bescheidener Meenung no verdéngt hätten, eng definitiv Regulariséierung ze kréien. Mä et ass dru gescheitert, well mer iwwert d'Haltung vum Ministère de la Fonction publique déi Léisung net fonnt hunn, an et ass erëm eng Kéier drop higewise ginn - mir hunn dat déi lescht Wochen hei e puermol am Zesummenhank mat Schoulprojete gesot -, dass eng global Léisung fir déi ronn 500 Chargés de cours soll ugestrieft ginn, déi et nach am Enseignement secondaire an am Enseignement secondaire technique gëtt.
D'Argumenter sinn ëmmer déiselwecht. Et soll kee Prezedenzfall geschafe ginn, an et misst een där komplexer Personalkaderstruktur beim Stat Rechnung droen.
Da soen ech mat vill Vehemenz, dass ech hoffen, an ech gleewe jiddfereen heibannen, dass mer déi Regulariséierung, déi global, dann endlech kréien, och am Interesse vum Schoulfridden, well och do vill Energie an Zäit fir näischt verluer geet.
Ech wëllt awer och op eng aner Verännerung an deem neie Gesetz hiweisen, eng Verännerung par rapport zum IEES, nämlech déi, dass déi bis elo festgeschriwwe Formation continue am Lycée nach just op Beschloss vum Minister ka méiglech sinn. Och do gëtt erëm eng Kéier drop higewisen - wéi dat elo méi oft de Fall war -, dass do an engem spezifesche Gesetz misst légiferéiert ginn.
An do soen ech, och dat presséiert, well mer jo net nëmmen a Sonndesrieden, mä och haut a bei villen anere Sitzungen ëmmer am Kontext vum ãlifelong learning" vun der Lissabon-Strategie vu Kompetitivitéit a schlussendlech vu Vollbeschäftegung iwwert déi Saache schwätzen, a se dann och mussen ëmsetzen an all Viraussetzunge schafen, datt dat kann an alle Situatioune stattfannen.
An nach eng lescht Iwwerleeung. Eigentlech brauch ech net méi op alles aus dem Rapport anzegoen, mä wou ech wëll drop hiweisen, well et mer um Häerz läit, dat ass nämlech dat, dass d'Sozialberuffer bei eis zu Lëtzebuerg zënter de 70er Joren un Attraktivitéit gewonnen hunn. Wann et fréier Rekrutéierungsproblemer an dësem Land gouf, well mer net genuch Leit haten, déi déi Formatiounen haten, sou ass dat haut net méi de Fall.
Ech hu gesot 715 Meedercher a Jongen, haaptsächlech Meedercher, sinn ab 2005/2006 an der Schoul. A wann ech drop hiweisen, dass iwwer 80% weiblech Schüler sinn, da fir och op deen Aspekt hinzeweisen, deen dat herno um Aarbechtsmaart fënnt, nämlech dass een e relativ héijen ãturnover" huet, dass also besaten Aarbechtsplazen och mat Momenter fräi gesat ginn an erëm kënnen nei besat ginn.
Mä wichteg ass et, an dofir soen ech et, dass ee muss Suerg droen, dass mer déi beschtméiglechst Beruffsorientéierung hunn an dass mer och Transparenz um Aarbechtsplazbedarf hunn, fir dass mer net an eng Situatioun géingen eragerode vun Iwwercapacitéiten, an dass mer och net an eng Situatioun era géinge geroden, elo duerch d'Trennung vun der Formatioun vun de Graduéë par rapport zu den Educateuren, dass do eng Kéier e falschen an onnéidege Konkurrenzkampf um Aarbechtsmaart géing entstoen.
Ech wollt awer och, Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, drop hiweisen, dass ee just elo muss oppassen net duerch falsch politesch Signaler d'Interesse vun eiser Jugend un dëser Ausbildung verluer goen ze loossen an et esou ze maachen, dass jonk Leit keng Zukunftsperpektive méi gesinn. Ech denken un déi politesch Signaler vun Ëmännerungen an der Finanzéierung a gewëssene Beräicher. Mir wëssen, dass mer laang gebraucht hunn - ech hunn dat scho gesot - fir déi Villfalt u Sozialberuffer hei zu Lëtzebuerg ze erméiglechen. An dozou huet och gehéiert, dass mer et fäerdeg bruecht hu gutt Loun-an Aarbechtsbedingunge fir e schwéieren, mä en noutwendege Beruff ze schafen, an domat an allen Hisiichten attraktiv ze maachen.
Dofir soen ech, d'Diskussiounen iwwer eventuell Verännerunge vum Finanzéierungsmodus bei der Behënnerten-, bei der Jugend-a Kannerbetreiung, riskéieren net nëmmen e Qualitéitsabroch, mä en Attraktivitéitsverloscht an domat vläicht dann awer an Zukunft erëm en neie Mangel un héich qualifizéiertem a motivéiertem Fachpersonal ze schafen, an domat erëm e verstäerktene Réckgrëff op Grenzgänger auszeléisen, an domat à la rigueur dann och erëm eng Kéier de Konkurrenzkampf um Aarbechtsmaart zwëschent Résidanten a Grenzgänger ze relancéieren.
Mir sollten also déi Attraktivitéit kengem Risiko aussetzen. A mir sollten déi Qualitéit vun där Schoul benotzen, fir méiglechst vill jonk Mënsche gutt auszebilden, hinnen awer a kengem Moment och nach nëmmen d'Undeitung vun enger Iwwercapacitéit zoukommen ze loossen. Dat wier net de richtege Wee.
Mä dozou gehéiert et, dass een niewent dem Schafe vun engem neie Lycée och dofir suergt, dass d'Ëmfeld stëmmt. An dozou gehéiert dann eben dee politesche Wëllen, fir en optimaalt Ugebuet am Sozialberäich, mä och an allen anere Beräicher, wou haut Educateuren an Éducateurs gradués schonn agesat ginn, an nach kéinten a missten agesat ginn, fäerdeg ze bréngen. Dat géing dozou bäidroen, dass mer besser, méi sozial a méi gerecht Ofleef am Interesse vun allen, déi an eis Schoule ginn, déi Problemer hunn, déi de Stat brauche fir eng Iwwerliewenschance an eng Zukunftsperspektiv ze hunn, kéinte garantéieren.
Ech soen nach eng Kéier menge Kolleeginnen a Kolleegen aus der Kommissioun Merci, dem Sekretariat Merci. Ech bieden dat héicht Haus dëse Projet de loi ze akzeptéieren an ech wëll och gläichzäiteg den Accord vu menger Fraktioun hei matdeelen.
Merci fir d'Nolauschteren.
* Plusieurs voix .- Très bien.
* M. le Président .- Merci, Här Castegnaro. Dann huet d'Wuert d'Madame Gantenbein. Well mer ëmdisponéieren, wann d'Madame Brasseur d'accord ass. Madame Gantenbein, Dir hutt d'Wuert.
Discussion générale
* Mme Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen ( CSV).Här President, Madame Minister, Dir Dammen an Hären, als Biergerin vun der Gemeng Hesper am Allgemengen a vu Fenteng am besonneschen kennen ech d'Geschicht vum IEES vu Fenteng wéi meng Jackettentäsch. Et ass eng ãsuccess story", sou hu mer se erlieft, an et gouf och zur Zäit, wéi nach déi zwou Formatiounen do waren, alt emol gelächelt an et gouf gesot ãd'Fentenger Universitéit". Mä mir waren houfrech drop. Den IEES huet eiser Gemeng ee gewëssene Cachet ginn an en huet der Sektioun Fenteng zu enger Visibilitéit an zu enger Plaz op der Lëtzebuerger Landkaart verhollef, déi se virdrun net hat.
Dir Dammen an Dir Hären, de wierklech excellenten an déifgrënnege Rapport vum Här Castegnaro huet d'Problematik an och d'Weite vun deem Projet de loi, ech géif och soen d'Déift vun deem Projet de loi dokumentéiert. Meng Interventioun haut de Mëtten, dat ass eng kleng aner.
Et ass gewosst, datt mam Universitéitsgesetz vum 12. August 2003 et zu gréisseren Ëmwälzungen am Lëtzebuerger Héichschoulwiese komm ass, déi och virum IEES net Halt maachen an op déi et gëllt Äntwerten ze fannen, fir och nach weiderhin eng gutt Formatioun am socio-éducativë Beräich kënnen ze garantéieren.
Et muss een dës Formatioun vum Educateur a vum Éducateur gradué, oder besser d'Entwécklung vun dëser Formatioun, virum Hannergrond vun der gesellschaftlecher Evolutioun an de leschte véier Jorzéngte gesi fir ze verstoen, wéi wichteg dës Formatioun haut am Joer 2005 ass.
Wann ee sech fir de Beruff vum Educateur entscheet, dann ass dat kee Choix wéi een aneren. Et ass e bewosst Engagement, fir sech haaptberufflech an den Déngscht vu Kanner, Jugendlechen, Handicapéierten, eeleren an demente Leit ze stellen, also an den Déngscht vun deene vermeindlech Schwaachen an eiser Gesellschaft. Si huelen eng grouss Responsabilitéit op sech fir déi Leit, déi se betreien, an och fir sech selwer, well se dagdeeglech mat Situatioune konfrontéiert sinn, déi fir den Normalbierger an enger schnelllieweger Gesellschaft oftmools aus dem Bléckfeld geroden.
Dofir ass d'Formatioun an deem Beräich déi wichtegst Komponent, fir de beschtméiglechen Encadrement ze offréieren.
De Rapporteur vum Gesetzesprojet 3144 iwwert d'Organisatioun vun de socio-éducativë Studien, wat herno d'Gesetz vum 6. August 1999 ginn ass, aus dem och den IEES ervirgaangen ass, war deemools de fréieren a leider vill ze fréi verstuerwenen CSV-Deputéierten a Vize-President vun der Chamber Willy Bourg, deen an der Chamberdebatt vum 12. Juli 1990 gesot huet, ech zitéieren en net, ech weise just drop hin, dass a senger Ausso deemools d'Besoinë vun enger Gesellschaft duergeluecht gi sinn, déi vläicht haut en anere Cachet hunn.
Deemools ass vill a praktesch nëmme vun Defiziter geschwat ginn, déi an der Gesellschaft optrieden an op déi d'Politik sollt Äntwerte fannen. Haut, géif ech soen, huet d'Betätegungsfeld vum socio-éducativë Personal sech geännert an ech géif och soen, dass d'Problematiken, wa se och deelweis déiselwecht si wéi deemools, haut trotzdeem e wéineg anescht sinn.
Et war an et ass haut e Secteur, dee vill Aarbechtsplaze geschaf huet an och nach ëmmer schaaft, well d'Besoinen ëmmer méi grouss ginn a well déi Besoinen haut och nach zousätzlech anerer Natur sinn. Ech denken do un d'Presenz vun den Educateuren an der Éducation précoce, an de Structures d'accueil an/oder an de Maisons relais. Dat ass de Kontext vun dësem Gesetzesprojet iwwert den technesche Lycée fir Beruffer am socio-éducativë Beräich, dee mer haut an dësem Haus wëllen diskutéieren.
Här President, ech wëllt awer e Bléck zréckwerfen op d'Entwécklung vum Secteur socio-éducatif hei zu Lëtzebuerg. Nom Enn vum Zweete Weltkrich bis Enn de 60 Jore war d'Action éducative et sociale, mat Ausnahm vun den Enseignanten am Primaire an de Proffen am Secondaire, nach an hire Kannerschong. Eng professionaliséiert Aarbecht mat hëllefsbedierftege Kanner duerch e speziell geschoultent Personal op verschiddenen Niveaue gouf et net.
En éischte Germe vun engem méi professionellen Ëmgang mat dëse Kanner ass 1973 ervirgaange mam Gesetz vum 14. Mäerz 1973 iwwert d'Schafung vun Instituter a Servicer an der Éducation différenciée. D'Schafung vum Institut an de 70er Joren huet sech an eng Zäit integréiert, wou Foyers de jour, Crèchen, Maisons d'accueil a Jugendhaiser ëmmer méi zu Konstanten an eise Gemenge gi sinn. Eng Entwécklung, déi sech och op d'Besoinen u qualifizéiertem Personal iwwerdroen huet an déi däitlech gemaach huet, datt sech de socio-éducativë Beräich huet missen opmaachen, fir sech op aner Beräicher, wéi beispillsweis Jugendbetreiung, schwéier erzéibar Kanner an esou weider ze erstrecken.
Et ass eng Entwécklung, déi sech an de gesellschaftleche Wandel vun der Zäit afügt, e Wandel, dee bis haut nach net definitiv ofgeschloss ass. D'Programmer an der Formatioun hunn deem misse Rechnung droen, andeems se un dës nei Demanden hu missen ugepasst ginn.
An den 80er Joren hunn d'Moniteuren an d'Educateuren an Institute fir handicapéiert Kanner geschafft souwéi an de Centres de propédeutique professionnelle, a Kanner-a Jugendhaiser, a Crèchen, a Maisons d'éducation, am Prisong, an Internater am Postprimaire, wat beleet, datt sech de Secteur ëmmer weiderentwéckelt huet, ouni datt d'Politik dësen Trend ausreechend erkannt an encadréiert hat. D'Physiognomie vum socio-éducativë Secteur hat sech innerhalb vun zwee Jorzéngte grondleeënd geännert, wat de politeschen Handlungsbedarf ëmmer méi ënnerstrach huet.
Mam Gesetz vum 6. August 1990 goufen déi socio-éducativ Studien nei organiséiert an den IEES an d'Liewe geruff, also deen Institut, dee mer mat dësem Gesetz ofschafen. Aus der Appellatioun vum Moniteur ass déi vum Educateur ginn, an aus dem Educateur ass den Éducateur gradué ginn. D'Dauer vun de Studië gouf verlängert an d'Missioun vun der Formation continue gouf offiziell an dëse Gesetzestext integréiert. Domadder gouf eng wichteg Trendwend agelaut an engem Beruff, deen an de kommende Joren ëmmer méi beléift sollt ginn. Den Här Castegnaro huet dat jo och mat Zuele beluecht.
1995 hu sech erëm eng Rei Adaptatiounen opgedrängt, dës Kéier um Niveau vun den Etüde vum Educateur. D'Chamber hat an der Debatt zum viregt genannte Gesetz vun 1990 eng Motioun adoptéiert, wou d'Regierung ënner anerem invitéiert gouf, an ech zitéieren, "à réaliser, en cas d'expertise positive, l'équivalence des diplômes du secondaire technique et de la formation du personnel socio-éducatif".
Dat ass schlussendlech 1995 am Kader vum Gesetz iwwert d'Reorganisatioun vun den öffentlechen a privaten Infirmièresschoule geschitt, andeems d'Studien zum Educateur u sech och op Héichschoulstudië sollte virbereeden. Et war also eng weider Unerkennung vum Secteur an hat op d'Noutwendegkeet higewisen, fir sech weider an dësem Beräich am Kader vun engem Héichschoulopenthalt ze spezialiséieren.
Mam Universitéitsgesetz vum 12. August 2003 sinn d'Éducateurgradué-Studien an d'Uni Lëtzebuerg integréiert ginn, woubäi d'Etüde vum Educateur mam virleiende Projet an den neien technesche Lycée fir Beruffer am socio-éducativë Beräich integréiert ginn.
Här President, Dir Dammen an Dir Hären, no dësem historeschen Exkurs an d'Geschicht vum socio-éducativë Secteur, zréck zu eiser Gesetzesvirlag. Ech hunn d'Gefill wéi wann déi Responsabel vum IEES eng gewësse Besuergnis iwwert déi rezent Entwécklung hätten, déi engersäits duerch déi nei geschafen Uni Lëtzebuerg hiren Ufank an duerch den neien technesche Lycée hiren Ofschloss fënnt. Op hirer Homepage steet nämlech ënner anerem nozeliesen, an hei muss ee vläicht tëschent den Zeile liesen:
"Depuis 2003, une nouvelle étape importante a été franchie. Les études d'éducateur gradué ont été intégrées dans l'Université du Luxembourg, et la section des études d'éducateur est progressivement intégrée en un nouveau Lycée technique pour professions éducatives et sociales. En d'autres termes, l'Institut d'Études Éducatives et Sociales (IEES), qui a été officiellement créé en 1990 et s'est très solidement développé depuis lors, cessera au cours de l'année 2005 ses missions; institutionnellement parlant, il n'aura pas atteint âl'âge de la majorité'."
Et steet ausser Zweifel, datt den IEES eng Experienz, en Erfahrungsvolumen entwéckelt huet, déi am Kontext vum neien technesche Lycée net dierfe verluer goen. An et huet een e gewëssent Verständnis, wann déi Enseignanten a Professeren, déi mat vill Engagement während Jorzéngten dësen Institut opgebaut hunn, sech Gedanke maachen iwwert d'Zukunft vun hirer Formatioun. D'Dispositions transitoires, denken ech, garantéieren den Transfert vum Wëssen, vum Know-how a vun Erfahrungswäerter. Ech mengen, datt d'Approche vun der Regierung eng verstänneg ass, well den Knowhow souwuel op Universitéitsniveau wéi och um Niveau vum Lycée einfach récupéréiert gëtt.
D'Experienz fléisst mat a beim Opbau vun deenen zwee Enseignementer. D'Formatioun vum Educateur eegestänneg fonctionnéieren ze loossen, onofhängeg vum generelle Kader vum Lëtzebuerger Enseignement, mat besonnesche Regele beim Recrutement vun den Enseignanten, der Admissioun an der Promotioun vun de Schüler, wier, an dat war och d'Meenung vun der Kommissioun, net de richtege Wee gewiescht. Duerfir menge mir als CSV-Fraktioun, datt et besser ass - an dat gëtt jo och mat dësem Gesetzestext elo Realitéit -, datt dës Formatioun an de Kader vum Enseignement secondaire technique gesat gëtt, wat jo, wéi ech gesot hunn, mat dësem Gesetz geschitt.
Zum Schluss, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, nach eng Fro un d'Ministesch. Madame Minister, am Artikel 3 gëtt drop higewisen, datt et méiglech ass, d'Formation en cours d'emploi ze maachen, an datt dat géif geregelt ginn duerch Règlement-grand-ducalen. Meng Fro ass, wéi wäit datt et mat dësem Règlement grand-ducal ass a wéi déi Formation en cours d'emploi géif ausgesinn, well hei am Land huet se jo praktesch d'duebel Zäit wéi dat wat d'Schüler am Ausland ugebuede kréien. Ech mengen hei am Land sinn et sechs Joer. An der Belsch kann een déi Formation en cours d'emploi an dräi Joer maachen.
An dann zum Schluss, trotz enger Tréin am Knapplach, wéinst dem Départ vum IEES fort aus eiser Gemeng, net well mer se fortjoen, mä well mer d'Haus musse récupéréiere fir eis Besoinen am Primärschoulunterrecht, wënschen ech dem Lycée technique pour professions éducatives et sociales séier en neit Doheem an e geglécktene Start am Hierscht, an ech ginn och heimadder selbstverständlech den Accord vu menger Fraktioun zu dësem Gesetz.
Ech soen Iech Merci.
* Plusieurs voix .- Très bien.
* M. le Président .- Merci, Madame Gantenbein. Dann huet elo d'Wuert d'Madame Brasseur. Madame Brasseur, wann ech gelift.
* Mme Anne Brasseur ( DP).Här President, Dir Dammen an Dir Hären, et muss ee sech freeën, dass et elo nach een Dag éier d'Parlament ophält zum Vote hei kënnt iwwert d'Schafung vum Lycée technique pour professions éducatives et sociales.
Wann ech soen, et muss ee sech freeën, dat ass well et eng Nécessitéit ass. Well ech froe mech, ënner welleche Bedingungen am Hierscht d'Schoul hätt kënne weider fonctionnéieren, wa mer dee Projet de loi, dee viru méi wéi engem Joer déposéiert ginn ass, haut net hätte kënne stëmmen. Dat ass eng prinzipiell Remarque, déi ech wollt maachen.
Wann et laang dauert bis mer Schoulgebaier opriichten, esou dauert et awer och an der Procédure oft laang vum Dépôt vun engem Gesetz bis zu dem Ofstëmmen, an dat ass net gutt, well hei si mer an der Situatioun, dass - an de Rapporteur huet et gesot a meng Virriednerin huet et gesot - mer duerch d'Schafung vun der Uni Lëtzebuerg déi ganz Struktur vum Institut, deen d'Formatioun vun den Educateuren an Éducateur-graduéë gemaach huet, op d'Kopp gehäit hunn. An dat ass jo eppes, mat deem mer jo all d'accord waren. Mä da muss eppes amplaz kommen!
(M. Niki Bettendorf prend la Présidence)
Ech wëllt hei net an den Detail goen, well den Här Castegnaro huet dat als Rapporteur a sengem mëndleche Rapport wéi och a sengem schrëftlechen excellent gemaach, an d'Madame Gantenbein ass elo grad op d'Geschicht agaange vun deem Ganzen, vun der Formatioun vun den Educateuren hei zu Lëtzebuerg, esou dass ech dat och net brauch ze widderhuelen.
Mä mir sinn hei an engem Kader, dass, wéi mer d'Gesetz vun der Uni Lëtzebuerg gestëmmt hunn, sech do d'Fro gestallt huet: Wat geschitt elo mat den Educateuren, déi jo net zum Supérieur gehéieren? Do ware véier Optiounen, déi sech ginn hunn.
Déi éischt Optioun wier déi gewiescht, den Institut esou wéi e bis elo bestanen huet, minus d'Formatioun vum Éducateur gradué, als Institut virubestoen ze loossen. Dat hätt awer als Désavantage gehat, dass all déi Problemer, déi sech stellen, wat d'Personal ubelaangt, wat d'Strukturen ubelaangt, domat net geléist wieren, an dass mer hei en Institut weider à part gehat hätten, deen nieft all deenen anere Formatiounen hei zu Lëtzebuerg gelaf wier, esou dass dat net déi beschte Solutioun gewiescht wier.
Eng zweet Léisung wier gewiescht, dass déi Formatioun, déi fir d'Educateure gemaach gëtt, un en anere Lycée technique oder un aner Lycée-techniquen als zousätzlech Formatioun ugehaange gi wier. Wann een dat gemaach hätt, da wier een zu enger Regionalisatioun komm vun de Formatiounen. Eng Léisung, déi net gutt gewiescht wier, well mer hei eng Spezifissitéit hunn, Personal hunn, wat en Knowhow brauch an eng extra Organisatioun vun enger Schoul, esou dass dat och net d'Léisung gewiescht wär.
Da wär eng drëtt Méiglechkeet gewiescht, dass mer de Lycée technique pour professions de santé an zwee gespléckt hätten, engersäits d'Ausbildung vun den Infirmieren an Infirmièren an anerersäits d'Ausbildung vun den Educateuren an Educatricen. Mä och do huet een awer séier gesinn, dass dat net déi beschte Léisung wier, well d'Ausriichtung vun deenen zwou Formatiounen awer eng ganz aner ass, esou dass déi véiert Léisung, hei en eegene Lycée technique ze kreéieren, zréckbehale ginn ass.
De Conseil d'État seet a sengem Avis, dat wier keng gutt Léisung, mir hätten elo hei esou eng Formation à part, an da weist hien awer drop hin, dass dat och an anere Schoulen de Fall ass. E weist op d'Professions de santé hin; e weist och op d'Hotelschoul hin, an da weist en zum Beispill op de Lycée technique des arts et métiers hin. Ech weess net, wat de Conseil d'État domat gemengt huet. Ech mengen, do ass eng kleng Confusioun gewiescht, wéi dat geschriwwe ginn ass.
Et schéngt mir wichteg, dass een hei en extrae Lycée technique fir d'Formatioun schaaft, well een - an d'Madame Gantenbein huet dat gesot - hei op d'Expériencë konnt opbaue vun all deene Joren, déi hei ugesammelt gi sinn, fir eng spezifesch Schoul draus ze maachen, déi awer ënnert deeneselwechte Regele fonctionnéiert wéi déi aner Lycée-techniquen.
Dat ass jo 1973 ugaangen deemools mat dem IFEM, dem Institut de Formation pour Éducateurs et Moniteurs, ier dann d'Gesetz 1990 gestëmmt ginn ass vum jëtzegen IEES. Et war awer eng Schoul, zu där vill Idealissem gehéiert huet, well et eng Schoul war, déi geschafe ginn ass ouni e Personalkader nach eng Infrastruktur. A wann och duerch d'Gesetz vun 1990 verschidde Personalproblemer geléist gi sinn, esou sinn anerer awer derbäikomm, an de Problem vun der Infrastruktur ass bis haut leider net geléist ginn.
D'Formatioun, déi do ugebuede ginn ass, ass natierlech op eng enorm Résonance bei de jonke Leit gestouss. Éischtens, well et eng attraktiv Formatioun ass, mä och well duerch de Gesellschaftswandel Leit mat där dote Formatioun dobausse gebraucht gi sinn an all deenen Domänen vum socio-éducativë Beräich.
Am Gesetzesprojet steet jo och, dass een d'Formatioun kënnt ausbauen op verschidden Niveauen. Well et brauch ee Leit am socio-éducativë Beräich, déi a verschidde Sparten an Niveauen ugesiedelt sinn.
Ech hu gesot, dass bis elo deen Institut Schwieregkeeten hat, well d'Personalstruktur net geklappt huet. Si hate verschidde Leit duerch d'Gesetz zougestane kritt. Mä wat den Enseignement général ubelaangt, stoung am Gesetz iwwert den Institut, et géingen Enseignanten aus anere Schoulgebaier détachéiert ginn. Dat ass eng Léisung gewiescht, déi bis elo fonctionnéiert huet, mä déi net glécklech war - fir kee vun deene Bedeelegten. Besonnesch net fir d'Schoul, well d'Schoul domat net hiren eegene Corps konnt rekrutéieren an esou zu engem Corps maache konnt.
Dann ass derbäikomm, dass mer all déi Leit als Chargés de cours haten, déi en onséchere Statut haten. Gott sei Dank kruten si am Joer 2000 méi Sécherheet, mä och dat huet de Problem net geléist. An ech hat d'lescht Woch hei gesot, wa mer eppes schafen, da musse mer ons als Stat och d'Moyenë ginn, fir dat duerno fonctionnéieren ze dinn, an da kann een net soen, wéi mer dat gemaach hu beim SREA, beim Service rééducatif ambulatoire, dass mer da Crédits d'heures iwwert de Budget huelen, an da ginn doriwwer Leit bezuelt an dat geet während Joren esou virun, mat där Onsécherheet, déi dat fir d'Leit bedeit, an och mat där Fluctuatioun, déi dat beim Personal bedeit.
Hei hu mer eng Situatioun gehat, déi net esou grave ass wéi am SREA, mä awer och eng Situatioun, déi alles aneschters wéi glécklech war. Schwiereg ass et, wann ee Personalstrukture schaaft am Enseignement, wat net déi typesch traditionell Enseignementsfächer sinn, an dass een nei Fonctiounen do schaaft, schéngt mer awer wichteg ze sinn, well hei gi jo och aner Matièren enseignéiert wéi dat an engem typesche Lycée technique ass.
De Conseil d'État hat eng Opposition formelle ugemellt, well e gesot huet, et geet dach net, dass hei e Lycée technique och kann nom Bac technique Spezialisten ausbilden. An och do mengen ech, dass de Conseil d'État awer a senger Attitüd net ganz richteg louch a sengem Avis, well bei de Professions de santé ginn och nom Bac technique an nom Infirmiersdiplom Spezialisten ausgebilt.
De Conseil d'État schreift a sengem Avis, dat géing an den Enseignement supérieur gehéieren. Mä mir sinn hei an enger Weiderbildung, an enger Beruffsweiderbildung. Dat ass eppes ganz aneschters. Ech gesi wierklech net an, wéi d'Uni Lëtzebuerg beispillsweis soll Hiewammen ausbilden, fir e Beispill ze huelen aus dem Santésberäich, an hei brauche mer och nom Educateur Spezialisten, an et wier gutt gewiescht, wa mer dat kënnten an deem Beräich vum Lycée technique effektiv maachen, déi den Know-how hunn, déi wëssen, wou d'Besoinen um Terrain sinn an déi d'Personal hunn.
Menger Meenung no muss ee sech nach eng Kéier iwwerleeën, wéi dat da virugeet, well déi weiderbildend Beruffsausbildung kann ee menger Meenung no jo awer net am Enseignement supérieur usiedelen. Ech sinn och frou, dass d'Madame Modert hei ass. Si kann dat da mat der Madame Delvaux klären, wou do d'Trennlinn ass. Mä menger Meenung no besteet eng Confusioun tëschen Enseignement supérieur, wat eng akademesch Ausbildung ass, an enger weiderbildender professioneller Formatioun, wéi se hei ugestrieft ass. Menger Meenung no muss een dat nach eng Kéier analyséieren.
Da wollt ech nach, Här President, ee Wuert soen zu der Infrastruktur. Ech hunn am Ufank gesot, et huet vill Courage dozou gehéiert déi Schoul opzebauen, vun 1973 un. Ech wëll wierklech all deene Leit, déi do geschafft hunn, e grousse Merci soe fir hiren Engagement an dass si un hir Iddi gegleeft hunn, wéinst de Schwieregkeeten, déi do woren, a bei der Infrastruktur, an ech mengen d'Madame Gantenbein ass am beschte placéiert gewiescht fir iwwert déi Problematik ze schwätzen, mä, de Rapporteur huet et och ugeschwat, déi Infrastrukturproblemer konnte leider net geléist ginn.
An den Här Castegnaro huet elo grad gesot, mir géinge wëssen, dass e Schoulgebai géing aacht Joer brauchen. Ech froe mech, ob een hei net soll op eng Léisung zréckgräife wéi beim Neie Lycée, deen awer an dräi Méint ka realiséiert ginn. Well hei schéngt et effektivÉ
(Interruption)
Also, wann ech d'Situatioun kucken, wéi se elo am Moment zu Léiweng ënnerbruecht sinn, dat ass wierklech kee Palais. An ech froe mech, ob een net kann awer op en anere Wee an der Prozedur goen, quitte dass et Containere sinn - well Containere kënnen och haut vu ganz gudder Qualitéit sinn -, mä wou een eng Infrastruktur huet, déi awer appropriéiert ass. Well déi zu Léiweng, déi do ass, entsprécht wierklech net deene Konditiounen. Et ass nun eemol esou, dass d'Gemeng Hesper dat do brauch.
Ech wier frou gewiescht, muss ech éierlech soen, an ech riichten hei kee Reproche u keen, wann déi Léisung schonn éischter hätt kënne fonnt gi fir eng definitiv Infrastruktur. Mä et ass jo beim Neie Lycée eng nei Prozedur ageschloe ginn. Dofir froen ech mech, ob een net kéint hei op dee Wee goen, fir dass mer awer méi séier virukéimen.
Den Här Castegnaro huet och gesot, et misst ee kucken, wann een eng Schoul géing schafen, dass dann och de Bau misst prett sinn. Mir haten eng Kéier eng Motioun hei ugeholl, vrun e puer Joer, wou d'Chamber d'Regierung opgefuerdert huet, dass all Kéiers beim Beschloss vun engem Bau och gläichzäiteg de Lycée geschaf gëtt, fir dass béides ka matenee wuessen. Dat ass zu Mamer net geschitt, well do wor de Bau amgaang.
Mä déi éischte Kéier, wou dat virgeholl ginn ass, dat ass fir de Réidener Lycée. An dat wor, menger Meenung no, och déi Prozedur, déi ee sollt maachen. Well da kann een direkt e Responsabelen, en Direkter nennen, deen dee Bau da vun Ufank u mat ka begleeden, wat enorm wichteg ass, fir dass och en Interlocuteur, en Haushär op der Plaz ass. An déi Experienzen, déi gemaach si ginn, an den Här Calmes, deen Noper ass dovun, dee kann dat nëmme bestätegen, dass dat och op der Plaz ganz wichteg ass fir d'Abanne vun deem Lycée an d'Ëmfeld, an d'Noperschaft, an dass dat de richtege Wee ass. Sou dass mer an Zukunft och dee Wee musse goen.
Hei si mer awer an enger ganz anerer Situatioun. Hei hu mer en Institut wat soll ëmfonctionnéiert ginn, als Lycée technique. Menger Meenung no ass dat de Wee deen ee muss goen, fir dass mer Personalstrukture kréien an dass mer och eng Struktur kréien, déi deene gläichgestallt ass, mat deenen anere Lycées techniques, an dass mer net hei eppes à part hunn.
Et bleiwen nun natierlech Problemer déi opstinn. Dat ass dee vum Klassement, an do hate mer eng Entrevue mat der Fonction publique, mä dat geet aus dem Kader eraus vun der Education nationale. An déi Problemer, déi sinn op jiddfer Fall nach ze léisen. Ech hoffen awer, dass och à terme eng Léisung fonnt gëtt fir déi Personalfroen. Well et ass enorm wichteg, dass eng Stabilitéit an deene Schoulstrukturen och ass, well dat ass am Intérêt finalement vum Enseignement selwer an domat am Intérêt vun deene jonke Leit, déi do hir Ausbildung fannen.
No deene Remarquen, Här President, wollt ech den Accord vun der DP-Fraktioun zu dësem Projet bréngen.
Ech soen Iech Merci.
* M. le Président .- Merci, Madame Brasseur. Déi nächst Riednerin ass d'Madame Loschetter. Dir hutt d'Wuert, Madame Loschetter.
* Mme Viviane Loschetter (DÉI GRÉNG).- Merci, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, et ass hei scho gesot ginn, dëse Projet de loi, deen haut gestëmmt gëtt, ass eng weider Etapp, eng wichteg, déi erreecht ginn ass, an deem eigentlech mouvementéierte Parcours vun dëser Schoul.
Dobäi geet d'Geschicht vun der Ausbildung vun de soziale Beruffer nach vill méi wäit zréck, an ech géif mer gären erlaben e bësselche méi wäit zréckzegoen, bis 1973, fir herno kënne verschidde Parallèlen zu haut ze zéien.
Et war effektiv esou, wéi der schonn e puer gesot hunn: Am Joer 1973 ass d'Éducation différenciée entstanen, an an dësem Gesetz iwwert d'Éducation différenciée war dann och Rieds vum Éducateur de l'éducation différenciée a vum Moniteur vun der Éducation différenciée.
Et gouf awer keng Schoul fir dës nei Beruffer, et gouf keng Formatioun, et gouf keng Carrière, et gouf eigentlech guer näischt. Et gouf och nach keen oder ganz wéineg soziale Secteur zu der Zäit. Déi Institutiounen, déi et gouf, wéi zum Beispill d'Rumm oder d'Kannerland oder Betzdorf, oder soss Altersheimer, waren haaptsächlech vun de Congrégatioune geleet oder vun der Croix-Rouge oder vun der Ligue, déi ufanks vum 20. Jorhonnert entstane sinn, mat där deemoleger Missioun fir haaptsächlech d'Tuberculose ze bekämpfen. Vun do komme mer also hier.
Déi éischt Kandidaten a Kandidatinnen, fir Educateur oder Moniteur ze ginn, hunn am Institut pédagogique zu Walfer eng Plaz fonnt; si kruten nämlech den ieweschte Stack ënnert dem Daach, deen ass fir si fräigemaach ginn. An dës éischt Educateuren a Moniteuren hunn och haaptsächlech en cours d'emploi hir Formatioun gemaach, well se ebe parallell zu hirem Studium schaffe gaange sinn, sprich de Secteur lues a lues opgebaut hunn.
De Virdeel vun där Zäit war deen, datt d'Studenten an d'Studentinnen aus dem Enseignement scolaire a préscolaire an d'Studenten an d'Studentinne fir Moniteur an Educateur, déi Zäit, all Dag sech begéint hunn. Déi haten all Dag mateneen ze dinn, well se am selwechte Gebai waren, an zum Deel haten se och gemeinsam Coursen.
1985 ass dunn dee Staff vun dësen neie Formatiounen op Fenteng geplënnert, wou si dann d'Primärschoul vun der Fentenger Gemeng zur Verfügung gestallt kruten; dat ass jo hei schonn esquisséiert ginn. Dunn huet dës Schoul IFEM geheescht, offiziell - méi oder wéineger - Institut de Formation des Éducateurs et des Moniteurs; dat ass och scho gesot ginn, awer och nach ëmmer eigentlech ouni en eegent Gesetz. Ouni een eegent Gesetz wat d'Organisatioun, wat d'Planifikatioun, wat d'Gestioun an esou weider ugeet; alles wat zu enger Schoul gehéiert, vun den Enseignanten engersäits, awer och vun de Studenten a Studentinnen. Näischt war definéiert. Duerno huet de Stat nach eng Hal an enger Zone industrielle et commerciale zu Léiweng gelount, well d'Fentenger Schoul eben aus allen Néite geplatzt ass. An et ass och déi Hal do, déi eigentlech elo dee Lycée technique soll ginn.
Am Joer 1990 war de soziale Secteur a voller Expansioun. Net nëmmen eng nei iwwerduechte Philosophie vu Kannerheemer war entstanen, mä de ganze Behënnertemilieu hat souwuel Schoulen, Beruffsausbildungen, Atelier-protégéën, wéi Heimbetreiung, Fräizäitgestaltung an esou weider. Déi éischt Structures d'accueil fir Klengkanner, Crèchen, Foyers; all déi Saache sinn och lues a lues entstanen.
Am Joer 1990, dat ass och scho gesot ginn, ass dunn endlech dat éischt Gesetz komm, a wat net gesot ginn ass, dat ass dass dat 17 Joer duerno war. Et kann een et ausrechnen, voller 17 Joer duerno koum dat éischt Gesetz wat déi Schoul an déi Formatioun eigentlech definéiert huet an aus deem Fenteng a Léiweng ass den IEES ginn, dat ass och scho gesot ginn.
D'Formatioune sinn dunn och ëm ee Joer verlängert ginn. Aus dem Educateur ass den Éducateur gradué ginn an aus dem Moniteur ass den Éducateur diplômé ginn. Mä all déi schonns diploméiert schaffend Leit, dat waren der jo vill, déi an deene 17 Joer duerch déi Schoule passéiert sinn an déi an deene Strukture geschafft hunn an déi opgebaut hunn an déi d'Formatioun professionaliséiert hunn, all déi diploméiert schaffend Leit am soziale Secteur hunn dunn nach misse fënnef Joer waarden, bis e Règlement grand-ducal endlech definéiert huet, wat dann hir Mesures transitoires, déi Mesuren da wieren, déi si missten huele fir hire Studium weiderzeféieren a fir och kënnen dann dësen neien Titel ze droen.
Dëst alles - Dir kënnt Iech et denken - ouni Changementer op der Beruffscarrière, weder fir den Éducateur diplômé, deen dann domadder eng Première huet, e Bac technique; nach fir den Éducateur gradué, deen domadder e Bac+3 huet.
Haut am Joer 2005 soll dann d'Uni Lëtzebuerg, dat ass och scho widderholl ginn hei e puermol, sech ëm den eigentleche Bachelor vun dem/der Éducateur(trice) gradué(e) këmmeren. A well den Éducateur diplômé mam 90er Gesetz gläichgestallt ginn ass mam Bac technique, gëtt dann elo endlech --endlech! - aus dem IEES e richtege Lycée technique pour professions éducatives et sociales.
Awer, an dofir ebe mäi klengen Historique, aus enger Traditioun eraus - vun 1973 bis haut - ass de socio-éducativë Secteur trotzdeem e bëssen d'Stéifkand vun der Natioun bliwwen. D'Beruffscarrière vum Educateur, den Éducateurs diplômés, berücksichtegt hir dräi Joer Ausbildung an dësem spezifesche Lycée technique net, de facto gëtt hire Bac technique net unerkannt. Wa se elo beim Stat oder am konventionéierte Secteur agestallt ginn, gi se agestuuft wéi een, deen eigentlech seng Troisième oder seng Onzième huet, also gläich e bësselchen engem Expéditionnaire.
Dem Éducateur gradué geet et net besser. De facto kritt hie seng dräi Joer Héichschoul, seng dräi Joer Éducateur-gradué-s-Studien no der Première net ugerechent, mä si ginn och erëm eng Kéier parallell zum Stat mam Ufangsgehalt vun engem Redakter agestallt.
Och bei dësem neie Lycée technique ass net grad alles esou wéi bei deenen anere Lycéeën, an dat ass och schonn hei ugeklongen. Datselwecht gëllt eigentlech och fir déi Éducateur-graduéen, déi an dëser Schoul ausbilden. Si si praktesch all säit Jorzéngten derbäi, hu matgehollef, dee Secteur opzebauen an d'Ausbildung ze professionaliséieren. Vu datt et jo bis 1990 gedauert huet, bis dann e Gesetz gesot huet, wat da Saach wier an där Formatioun.
Si kréien haut d'Méiglechkeet, hir Carrière als Maître de cours spéciaux an hirer Schoul weiderzeféieren. Hinne bleift awer trotz hirem Bac+3 an dem Fait, dass si ausschliesslech am Cycle supérieur vun deem Lycée technique enseignéieren, den Titel vum Professeur d'enseignement technique verspaart.
Et ass schonn erstaunlech wéi d'Regierung respektiv de Ministère vun der Fonction publique et fäerdeg bréngt, deem Éducateur gradué wëllen ze erklären, firwat den Éducateur gradué an engem Cycle supérieur, mat engem Bac+3, net Urecht huet op déiselwecht Carrière wéi en Infirmier gradué Bac+3 am Lycée des professions de santé. Wat fir deen ee gëllt, misst jo eigentlech och fir deen anere gëllen.
Bon, ouni wëllen deen ee géint deen aneren auszespillen, sou muss ee feststellen, datt et, obwuel et eigentlech eng komplett analog Situatioun gëtt, souwuel bei de Studië vun deenen enge wéi vun deenen aneren, obwuel déi zwou Schoulen op deemselwechten Niveau scolaire ausbilden, nämlech ausschliesslech Cycle supérieur vum Secondaire technique, et dach awer symptomatesch ass, datt et grad déi sozial Beruffer sinn, déi ënnerbewäert ginn.
Et ass eigentlech e flagrant Beispill méi an enger ganzer Linn vun Ënnerbewäertunge vun deene socio-éducativë Beruffer. Wat e gudde Moossstab ass, nämlech den Infirmier gradué a sengem Lycée technique pour professions de santé mat sengem Gesetz aus dem Joer 1995, gëllt am Gesetz vum Joer 2005 net fir den Éducateur gradué am Lycée technique pour professions éducatives et sociales.
Dobäi, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ass de soziale Secteur e Secteur, deen haut net méi ewechzedenken ass, gradesou wéi eben déi Professiounen aus dem Santéssecteur. Wann de soziale Secteur aus där enger oder där anerer Ursaach eng Kéier géing komplett ausfalen - ugeholl si géingen emol eng Kéier radikal alleguerte matenee streiken, aus wat fir engem Grond och ëmmer, - da wier eis Gesellschaft méi behënnert, wéi wann zum Beispill den Transportsecteur oder d'Schoulpersonal géing streiken. Da géing näischt, awer guer näischt méi hei funktionéieren: keng Crèche, keng parascolaire Infrastrukturen, keng Structures d'accueil fir eeler Leit, fir behënnert Leit, an nach villes méi. Keen normalen Dagesoflaf fir bal jiddereen an eiser Gesellschaft wier da méi méiglech.
Dat ass d'Envergure vun der geleeschter Aarbecht am soziale Secteur. Just fir sech dat emol eng Kéier virzestellen. An dofir verdéngt si eng besser an eng méi respektvoll Ausbildungsplaz a besser Ausbildungskonditiounen, wéi dat de Fall ass a wéi dat eigentlech nach ëmmer de Fall war. Dëst muss och emol eng Kéier hei kloer op dëser Plaz gesot ginn. Well vill ze vill oft gëtt d'Qualitéit wéi d'Ampleur vun där geleeschter Aarbecht säit iwwer 30 Joer net richteg gesinn. A well se net richteg gesi gëtt, gëtt se och net richteg ageschat.
Et ass eigentlech um sozialen Aspekt vun engem Land wou een de soziale Fridden an och de mënschleche Räichtum vun engem Land moosst. Dofir ass et d'autant plus regrettabel wann engersäits mir net wëssen, ob een iwwerhaapt vläicht kann herno eng Äntwert ginn, ob mer iwwerhaapt e soziale Bachelor wäerten d'nächst Joer op där neier Uni kréien, an et ass nach méi regrettabel, datt een nach ëmmer, no 30 Joer Bestehen, de Lycée technique pour professions éducatives et sociales muss an enger Hal siche goen a gesinn, datt ënner onméigleche Konditiounen dës Formatioun muss ofgehale ginn.
E Lycée technique pour professions éducatives et sociales misst sengem Numm no um Niveau CATP ausbilden. Obwuel mir dës nei Méiglechkeet vum CATP begréissen, déi jo elo soll kommen d'nächst Joer, sou musse mer awer bedaueren, datt net oder eben nach net deen neie Lycée technique fir dës Formatiounen zoustänneg ass. Ech muss soen, dass d'Organisatioun vun deem neie CATP dach e bësselchen iwwerstierzt schéngt.
Engersäits gëtt elo e spezialiséierten technesche Lycée kreéiert, dee mat laangjährege qualifizéierten Enseignantë gestaffelt ass, an da gëtt parallell eng nei Formation CATP ãauxiliaire de vie" agefouert, déi vu ganz anerem Personal ofgehale gëtt, déi - an do och erëm eng Kéier wëll ech wierklech kengem ze no trieden - dach awer net iwwert déiselwecht Kompetenze verfüge wéi am neien technesche Lycée. An dat alles dréit sécherlech net zur Klarifikatioun um sozialen Terrain a senge Beruffer bäi.
Och misst dësen neie Lycée iwwert d'Méiglechkeete verfügen, fir Weiderbildung unzebidden - dat ass och schonn hei gesot ginn -, souwuel fir déi Leit, déi do hiren Diplom kritt hu wéi awer och fir Leit, déi vläicht an engem ganz aneren Domän schaffen, awer punktuell eng Weiderbildung an engem socio-éducativë Fach brauchen. Eng Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg imposéiert sech praktesch an dësem Kontext. En Austausch mat aneren Institutiounen am Land oder am Ausland ass onëmgänglech, wann ee wëllt dëser wichteger Formatioun hire richtege Stellewäert ginn.
Dësen neie spezialiséierte Lycée misst e Point de rencontre si wou ausgetauscht gëtt, wou kreativ Brainstorminge méiglech sinn a wou op d'Aktualitéit am socio-éducativë Kontext ka reagéiert ginn. Eis schéngt et dofir wichteg a richteg, datt sech dës Aarbecht op engem eenzege geographesche Punkt konzentréiert, an dofir ass et wichteg, dass sou séier wéi méiglech dëse Lycée seng definitiv Plaz fënnt op engem geographesche Punkt, deen zentral läit a gutt mam öffentlechen Transport accessibel ass.
Ech wëll eigentlech net ze vill pathetesch iwwert dës socio-éducativ Beruffer schwätzen, well et ass scho schwéier genuch fir dës dach awer nei Beruffer, nodeem se jo am leschte Jorhonnert meeschtens vun der Charitéit bezuelt gi sinn a meeschtens vun den Uerdensschwëstere gemaach gi sinn, sech duerchzesetzen als Beruff mat deselwechte Revendicatioune wéi all aner Beruff. Ëmmer erëm spillt dach awer trotzdeem e bësselchen d'Engagement vum eenzelnen Erzéier vis-à-vis vu senge Matmënschen, déi e betreit, eng Roll. An ëmmer erëm gëtt vun engem schéinen a schwéiere Beruff geschwat, wou een am Déngscht vun de mannerbemëttelte Mënsche schafft.
Ech géif awer gär soen, datt et Zäit gëtt e bësse manner schéi Komplimenter fir en nobele Beruff auszedrécken, an dësen neie Beruffer déiselwecht Gläichstellung ze gi wéi all deenen anere Beruffer. Dat heescht am Kloertext, eng kloer Ausbildung, kloer Beruffsbiller, kloer Kritären an Aarbechtsverhältnisser, eng Schoul, déi der Ausbildung an hirer Wichtegkeet Rechnung dréit. Vläicht geet et souguer bei der Schoul an der Beruffsausbildung un, well si ass schlussendlech d'Visitëkaart fir all déi Beruffer, déi herno um Terrain schaffen.
Dofir wëll ech hei zum Schluss am Numm vu menger Fraktioun d'Noutwendegkeet ënnersträichen, fir dass dësen neie Lycée prioritär vun der Regierung considéréiert gëtt, fir engersäits eng Infrastruktur ze kréien an anerersäits dat noutwendegt Personal kënnen anzestellen, fir souwuel den Éducateur diplômé wéi den CATP ãauxiliaire de vie" auszebilden, all Forme vu Weiderbildung am socio-éducativë Beräich unzebidden, wéi och Seminären, Colloquen a Konferenzen ze organiséieren.
A well dat jo och elo hei vu jidderengem bal ugeschwat ginn ass, freeën ech mech dann och, Här President, fir Iech kënnen eng Motioun ofzegi vun der grénger Fraktioun, déi dann och seet, datt d'Regierung soll prioritär considéréieren, datt deen dote Lycée en uerdentlecht Gebai brauch. Voilà.
Motion 1
La Chambre des Députés,
considérant
- que la création d'un Lycée technique offrant exclusivement des formations dans le domaine éducatif et social par l'adoption du projet de loi portant création d'un Lycée technique pour Professions Éducatives et Sociales permet d'optimiser les études actuelles;
- que depuis le début des années soixante-dix, le secteur éducatif et social a connu un développement substantiel au Luxembourg;
- que les établissements dans lesquels la formation a été offerte pendant ces 32 années ont été loués pour des périodes déterminées et ne correspondaient aucune fois aux critères exigés pour garantir les meilleures conditions de formation;
- que quelque 720 élèves sont inscrits pour l'année scolaire 2005/2006 au Lycée technique pour Professions Éducatives et Sociales;
- que le nouveau Lycée ne bénéficie pas d'infrastructures propres et adaptées à ses besoins;
invite le Gouvernement
- à accorder une priorité à l'acquisition d'un bâtiment adéquat avec des infrastructures spécifiques et adaptées, notamment des ateliers, des salles d'expression, des salles de conférence, pour garantir une formation de qualité au Lycée technique des Professions Éducatives et Sociales.
(s.) Viviane Loschetter, Claude Adam, François Bausch, Félix Braz, Henri Kox.
Mir wäerten dëse Projet de loi, deen de Schüler a Schülerinnen d'Méiglechkeet gëtt, fir d'Educateursformatioun an engem richtege Lycée technique pour professions éducatives et sociales ze maachen, duerfir matstëmmen.
Ech soen Iech Merci fir d'Nolauschteren.
* Plusieurs voix .- Très bien!
* M. le Président .- Merci, Madame Loschetter. Den nächste Riedner ass den Här Jacques-Yves Henckes. Här Henckes, Dir hutt d'Wuert.
* M. Jacques-Yves Henckes (ADR).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, de Rapporteur, den honorabelen Här Castegnaro huet mat Recht op zwee wichteg Problemer higewisen, op déi ech nach wëll agoen. Meng Virriednerinnen a Virriedner hunn och de Projet de loi an allen Hisiichte beliicht. Mä nach schéngt et mer, datt zwee Punkte mussen diskutéiert ginn, wou ech Befierchtunge wëll ausdrécken. Eng Befierchtung ass déi, datt mer riskéieren hei eng éducativ Sakgaass ze schafe fir verschidde vun deene Leit, déi mer hei ausbilden.
Woufir? Mir hunn am Laf vun de leschte Jore ganz vill investéiert an de socio-éducativë Beräich. Mir hu ganz vill do gemaach, sief et um Niveau vum Stat, sief et um Niveau vun de Gemengen, sief et och privat Initiativen, déi uechtert d'Land entstane sinn a wou ganz vill Leit gebraucht gi sinn als Educateuren oder als Éducateur gradué fir an deene Beruffer déi Plazen auszefëllen, déi gefuerdert waren.
Mä et huet een natierlech doduerjer ganz vill jonk Leit recrutéiert an engagéiert. An déi jonk Leit bleiwen am Prinzip 20 oder 30 Joer an deem Beruff, wann net méi laang. E gudden Deel huet vläicht och aner Flichten oder aner Prioritéiten, well se op eng Kéier wëllen sech méi op hir Famill konzentréieren, mä nach muss ee sech bewosst sinn, datt et héchstwahrscheinlech net méi esou wäert virugoen, wéi et bis elo war. Dat heescht, datt 100% vun deenen, déi aus där Schoul, aus deem Lycée erauskomm sinn, datt déi och zu 100% eng Plaz kruten. Dat riskéiert am Laf vun de Jore méi schwiereg ze ginn. Mir riskéieren, datt vun deene 715 Elèven, déi mer elo hunn - do kommen der d'Joer also eng 230, 240 eraus, also en Drëttel -, do mat der Zäit eng 40, 50, 60 op eng Kéier keng Plaz fannen.
Dat ass eppes, wou ee mengen ech misst éischtens déi Schülerinnen a Schüler, déi sech op dee Wee do engagéieren, awer drop opmierksam maachen, respektiv een och muss kucken als Regierung, datt et keng Sakgaass gëtt, mä datt ee mat der Zäit kuckt, datt och do Equivalenze geschafe ginn, datt gekuckt gëtt, datt déi jonk Leit iwwer eng zousätzlech Formatioun oder e Recyclage oder duerch Equivalenzen awer kënnen sech engem anere Beruff vläicht higi wéi deem, deen se elo just studéiert hunn.
Dat ass eng Préoccupatioun, op déi ech d'Regierung wollt opmierksam maachen, well se ganz reell ass en vue vun deenen Donnéeën, déi engem bis elo zur Verfügung stinn.
Den zweete Problem, dee mat Recht ugeschwat ginn ass, ass dee vun de Chargé-de-coursen. Ech ginn et net midd, Madame Ministerin, bei all Interventioun, déi mer hei zu engem Projet de loi hunn, dorop hinzeweisen, datt d'Regierung muss Léisunge fannen, wat d'Problemer vun de Chargé-de-coursen ugeet, egal a wat fir engem Type d'enseignement se bestinn. Mir mussen do eng Léisung fannen, déi sech a mengen Aen dem Aarbechtsrecht ënnerwerft.
Mir musse kucken, datt déi Leit dat aktiivt an dat passiivt Wahlrecht kréien, well Dir wësst, datt d'Employé-privéën, déi fir de Stat schaffen, net d'Recht hunn, fir d'Delegéierten ze wielen oder fir als Delegéierte gewielt ze ginn. Et ass net gutt, dass alleguerten déi Leit dann och net däerfen hiren Avis ofginn, wann et ëm schoulesch Problemer geet a wann et ëm schoulesch Organisatioun geet.
Dat gesot, mengen ech, hu mer hei awer e Projet de loi, deen noutwendeg ass, deen och déi richteg Zilsetzunge gëtt. Mir wënschen och, datt de Lycée natierlech an engem Gebai ënnerbruecht gëtt, wat dezent ass. Ech hoffen, Madame Ministerin, datt Dir Iech do bei dem Här Bauteminister kënnt duerchsetzen.
Dat gesot, wëll ech den Accord vun der ADR-Fraktioun zu dësem Projet de loi bréngen.
* Une voix .- Très bien!
* M. le Président .- Merci, Här Henckes. D'Regierung huet d'Wuert. Madame Minister, wann ech gelift.
* Mme Mady Delvaux-Stehres, Ministre de l'Éducation nationale et de la Formation p rofessionnelle.Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech freeë mech iwwert déi Unanimitéit fir dëse Projet, dee vu menger Virgängerin, der Madame Brasseur, am Mee 2004 déposéiert ginn ass. Si huet jo och ganz am Detail den Historique gemaach an d'Argumentatioun, firwat dee Projet esou ausgesäit, wéi en ausgesäit, an net anescht. Ech ka mer dat also a menger Interventioun spueren.
Ech wëll just déi Unanimitéit hei begréissen, well ech se gesinn als eng Unerkennung vun där Ausbildung, déi bis elo gemaach ginn ass um IEES. An ech hoffen, dass alleguerten déi Leit, déi do schaffen, dat och esou gesinn. An hinne wëll ech och e Merci soe fir déi Opbauaarbecht an déi Pionéieraarbecht, déi do gemaach ginn ass.
Ech gesinn et och als eng Unerkennung vun der Wichtegkeet vun dem Beruff vum Educateur. An ech denken, d'Madame Loschetter huet dat hei ganz däitlech gemaach, wat fir eng Importenz dee Profil vum Educateur kritt huet an der Zäit an an de Joren.
Och muss ee vläicht ënnersträichen, dass dat Bild vum Educateur och vläicht duerch deen Numm, deen déi Professioun dréit, kënnt drop hiweisen, dass en haaptsächlech mat Kanner ze dinn huet. Et ass ee Beruff, dee ganz polyvalent ass, an deem ee souwuel mat Kanner, mat Jugendlechen, mat eelere Leit a mat Leit mat Handicap ka schaffen. Et ass also ee Beruff, deen a ville Beräicher vum Liewen immens wichteg ass, dee gefrot ass. De Succès, déi grouss Zuel vu Schüler, Studenten, déi sech aschreiwen am IEES, deen et jo da vun haut un net méi gëtt, beweist jo och, dass dat jiddefalls vun deene jonke Leit erkannt gëtt.
Ech maache mer elo de Moment jiddefalls net immens vill Suerge fir d'Ënnerkomme vun deene Leit, déi déi Studien hunn, well et e Beruff ass, an dat bedaueren ech trotzdeem e bëssen, deen haaptsächlech vu Fraen ausgeübt gëtt. Ech si frou, dass d'Fraen do aktiv sinn, mä ech denke fir all Beruff wär et gutt, wann eng besser Verdeelung wär zwësche Männer a Fraen. Mir mussen eis nach Saachen afale loossen, wéi mer dee Beruff och fir Jonge méi attraktiv kënne maachen. Mä doduerch dass vill Fraen an deem Beruff aktiv sinn, sinn natierlech vill Interruptioune vun der Carrière an doduerch ass den ãturnover" vun deene Leit och ganz grouss.
Ech deelen alleguerten déi Iwwerleeungen, déi gemaach gi sinn, dass et wichteg ass an all Beruff, awer och a soziale Beruffer, well dat eben e Secteur ass, deen esou changéiert, dass mir eis Iwwerleeunge maachen, wéi een d'Weiderbildung respektiv eng opbauend Ausbildung kann un déi initial Ausbildung drunhänken. Ech denken, dat ass den Défi vun deenen nächste Méint a Joren, deen ech mer selwer gestallt hunn. Mir schwätze vill vum ãlifelong learning"; mir mussen eis awer och d'Moyenen an d'Strukture ginn, fir dass dat sech och an der Praxis erëmfënnt.
Ech kann also der Madame Gantenbein soen, dass et dee Règlement grand-ducal nach net gëtt iwwer "en cours d'emploi", mä dass mer am Ministère amgaange sinn eis allgemeng Gedanken ze maachen, wéi eng Strukture mer kënnen opbauen, fir ebe just méi Encours-d'emploi-s-Offeren ze maachen.
Ech wëllt ee grousse Merci nach lassginn, an zwar un de Rapporteur fir säi Rapport. Och fir d'Rapiditéit, mat där geschafft ginn ass. Zwar ass de Projet virun engem Joer déposéiert ginn, mä et sinn nach am Mee Amendementer gemaach ginn.
De Conseil d'État huet säin Avis gemaach, an ech si frou, dass mer dee Projet haut kënne stëmmen, well jo, an dat ass aus all den Explikatioune virdrun erausgaangen, doduerch dass d'Gesetz iwwert d'Uni gestëmmt ginn ass, dem IEES ee Standbeen ewechgeholl ginn ass, a mer eigentlech och en Délai hunn, vu wéini u muss eng nei Struktur fir den IEES bestoen, an dat ass de September fir dës Rentrée. Et ass also kaum een Dag ze fréi, dass dat Gesetz hei gestëmmt gëtt. Duerfir wollt ech der Kommissioun an och dem Rapporteur villmools Merci soen.
Fir mech wéi fir Iech bleiwen zwee Schéinheetsfeeler an deem Gesetz. Deen éischten ass dee vun den Enseignanten, deene Leit, déi am IEES ugestallt sinn, déi do den IEES mat opgebaut hunn, déi do Schoul gehalen hunn an déi zwar, an dat ass net den allgemenge Problem vun de Chargés de cours wéi bei deenen aneren, e feste Kontrakt hunn. An deem heite Fall ass e feste Kontrakt do! De Problem, dee sech stellt, ass dee vum Aklasséieren, an ech wëllt soen, dass mer do de Moment eigentlech keng Léisung ze proposéieren hunn, dass mer awer an der Regierung, an den Här Wiseler huet gesot, hie géif sech eeschthaft, an e mécht dat och, drëm këmmeren, dass mer eng gobal Léisung kréien, wéi mer an där neier Architektur vun de Studië vun dem Bologna-Prozess, wou mer e Bachelor a Master kréien, dass mer do eng global Léisung musse kréie fir alleguerten déi Leit, déi op deem Niveau ausgebilt sinn, an dass et also aus där Ursaach dës Kéier net virentscheet ginn ass an dësem Projet de loi.
Ech bedaueren et och, et ass ee Schéinheetsfeeler. Mä ech muss soen, deen allergréisste Schéinheetsfeeler, dee mer hunn, dat ass dass mer keng Infrastruktur hu fir deen neie Lycée technique pour professions éducatives et sociales. Ech sinn dat Éischt, wat doriwwer net frou ass. Ech ginn awer hei mäin Engagement an, fir meng Energie drunzesetzen, fir do eng Léisung ze fannen. An ech denken, dass mer der zwou musse fannen.
Mir mussen eng provisoresch fannen, eng Containerléisung fir direkt, a mir brauchen en definitive Site mat engem richtege Lycée, mat engem richtege Gebai fir dee Lycée technique pour professions éducatives et sociales, deen am Zentrum vum Land läit.
Ech sinn éierlech gesot och net sou pessimistesch, dass mer ganz geschwënn eng Léisung fannen, an ech hunn duerfir och guer kee Problem fir déi Motioun vun deene Gréngen hei unzehuelen.
Ech soen Iech alleguerte Merci, fir dass dat Gesetz gestëmmt gëtt, an ech wënschen deem neie Lycée technique pour professions éducatives et sociales ganz vill Erfolleg an haaptsächlech geschwënn eng Infrastruktur, déi hinnen et och erlaabt all déi Formatiounen unzebidden, déi se kënnen ubidden.
An ech wëll do, dat als lescht, just nach op der Madame Loschetter hir Remarquen iwwert d'CATP-Ausbildung kommen: Also ech fannen et wichteg, dass mer eng nei CATP-Ausbildung sou séier wéi méiglech offréieren. Et ass awer esou, dass et mam beschte Wëllen an där Infrastruktur, an där Capacitéit, déi den IEES de Moment huet, net méiglech ass, do déi Ausbildung unzebidden. An duerfir hunn ech awer fonnt, et wär awer keng Ursaach fir deen CATP net unzebidden. An ech denken och d'Madame Loschetter war mat mir do d'accord, duerfir also: Eis Prioritéit an den nächste Méint ass eng definitiv Bleif ze fanne fir deen neie Lycée vun de Professions éducatives et sociales.
Merci fir dee Vote a bonne chance fir de Lycée.
Plusieurs voix .- Très bien.
M. le Président .- Merci, Madame Minister.
Mir kommen elo zur Ofstëmmung iwwert de Projet de loi 5338 portant création d'un Lycée technique pour professions éducatives et sociales.
Vote sur l'ensemble du projet de loi et dispense du second vote constitutionnel
De Projet de loi 5338 ass ugeholl mat 59 Jo-Stëmmen.
Ont voté oui: Mme Nancy Arendt, M. Lucien Clement, Mmes Christine Doerner, Marie-Josée Frank, Marie-Thérèse Gantenbein-Koullen, MM. Marcel Glesener, Norbert Haupert, Mme Françoise Hetto-Gaasch (par M. Marc Spautz), MM. Ali Kaes, François Maroldt, Paul-Henri Meyers, Laurent Mosar, Marcel Oberweis, Patrick Santer, Marcel Sauber, Jean-Paul Schaaf (par M. Marco Schank), Marco Schank, Marc Spautz, Mmes Nelly Stein, Martine Stein-Mergen, MM. Fred Sunnen, Lucien Thiel, Lucien Weiler et Michel Wolter;
MM. Marc Angel, Alex Bodry (par M. Fernand Diederich), John Castegnaro, Mme Claudia Dall'Agnol, M. Fernand Diederich, Mme Lydie Err, MM. Ben Fayot, Jean-Pierre Klein, Mme Lydia Mutsch, MM. Roger Negri, Jos Scheuer, Romain Schneider, Roland Schreiner et Mme Vera Spautz;
MM. Xavier Bettel, Niki Bettendorf, Mme Anne Brasseur, M. Emile Calmes (par M. Xavier Bettel), Mme Colette Flesch, MM. Charles Goerens, Henri Grethen, Paul Helminger, Claude Meisch (par Mme Colette Flesch) et Carlo Wagner (par Mme Anne Brasseur);
MM. Claude Adam, François Bausch (par Mme Viviane Loschetter), Félix Braz (par M. Claude Adam), Camille Gira (par M. Henri Kox), Jean Huss, Henri Kox et Mme Viviane Loschetter;
MM. Gast Gibéryen, Jacques-Yves Henckes (par M. Robert Mehlen), Aly Jaerling (par M. Gast Gibéryen) et Robert Mehlen.
Gëtt d'Chamber d'Dispens vum zweete Vote constitutionnel?
(Assentiment)
Dann ass et esou décidéiert.
Motion 1
Gëschter huet d'Madame Loschetter eng Motioun zu dësem Projet déposéiert. Mir stëmmen elo iwwert dës Motioun of. Kënne mer par main levée ofstëmmen?
(Assentiment)
Vote
Wien ass d'accord mat der Motioun vun der Madame Loschetter?
(Interruptions)
Jo. Ween d'accord ass, deen ass gebieden d'Hand an d'Luucht ze hiewen.
Déi Motioun ass mat écrasanter Majoritéit ugeholl.